Frankfurt verléiert géint Bayern, 3 Punkte fir Leverkusen

© AFP
Kee Gewënner tëscht Dortmund a Leipzig. Leverkusen klappt Union Berlin. St. Pauli verléiert mam Danel Sinani géint Bremen.
Nodeems e Freideg den Owend Köln mat 1:0 auswäerts géint Hoffenheim gewonnen huet, stoungen e Samschdeg de Mëtteg 4 weider Matcher vum 6. Spilldag um Programm. Hei konnte sech ënnert anerem Leverkusen an Augsburg duerchsetzen.
Nieft dem Danel Sinani an dem Aiman Dardari war och nach de Seid Korac e Samschdeg am Asaz. Mei zu de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir hei.
An der Owespartie zitt Eintracht vu Frankfurt mat 0:3 de Kierzeren géint Bayern München. Ronn 2 Sekonnen huet et gedauert, do louch Frankfurt mat 0:1 a Réckstand. De Koch konnt de Ball net richteg klären, wouvun de Luiz Diaz äiskal profitéiert huet. Kuerz dorop hätt de Koch bal e Selbstgol markéiert, de Ball sollt awer raus Frankfurter Siicht glécklecherweis just un d’Lat goen. An der Suite huet Frankfurt sech gefaangen. De Gol sollt a Persoun vum Kane awer op der anerer Säit falen, sou dass Bayern mat enger 2:0 an d’Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel huet Frankfurt déi néideg Mëttele gefeelt, nach eng Kéier erun ze kommen. Nom 3:0 vum Luiz Diaz an der 84. Minutt war de Match entscheet. Bayern gewënnt och de 6. Match um Stéck a steet elo ongeschloe mat 18 Punkten un der Tabellespëtzt.
Den Opwäertstrend ënnert dem neien Trainer Kasper Hjulmand geet bei Bayer Leverkusen weider, et gewënnt ee mat 2:0 géint Union Berlin. Eenzege Manko aus Bayer Siicht ass, dass de Grimaldo an der éischter Hallschent huet misse mat enger Platzwonn a Schwindel ausgewiesselt ginn. Alles an allem ass et eng verdéngte Victoire fir den däitsche Meeschter vun 2024, dat well ee méi effikass virum Gol war wéi d'Unioner. D'Goler hunn de Poku an der 33' an de Kofane an der 49. Minutt markéiert.
Kee Gewënner gëtt et tëschent Dortmund a Leipzig. Béid Formatioune spillen 1:1-Gläich. Domat huet Bayern München um Samschdeg den Owend d'Chance, hire Virsprong op den BVB auszebauen. Nodeems de Baumgartner d'Gäscht no 7 Minutte relativ fréi a Féierung geschoss huet, konnt de Yan Couto an der 23. Minutt de Score nee ausgläichen. Virun allem an der Ufanksphas vun der 2. Hallschent ass et hin an hier gaangen, Guirassy op der enger Säit nach de Ouedraogo op der anerer Säit konnten hir Chancen awer notzen. Och an der Schlussphas hate béid Ekippen hir Chancen, e Gol sollt am Signal-Iduna-Park awer net méi falen.
Bremen klappt St. Pauli mat 1:0. De Gol vum Dag huet de Mbangula an der 2. Minutt markéiert. Et ass déi éischte Victoire an dëser Saison am Weserstadion fir d'Lokalekipp. Bremen huet mat enger kompakter Defense et de Paulianer schwéier gemaach, fir a geféierlech Situatiounen ze kommen. Den Danel Sinani stoung 90 Minutte bei Pauli um Terrain.
Augsburg feiert no 4 Néierlagen noeneen nees en Dräier a klappt Wolfsburg mat 3:1. Den Aiman Dardari souz beim FCA 90 Minutten iwwer op der Bänk.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.