
An der zweeter däitscher Bundesliga geet de positive Laf vun Elversberg virun. D’Saarlänner gewanne 4:0 beim FC Magdeburg. Greuther Fürth steet dogéint no 8 Spilldeeg net esou gutt do. D’Ekipp vum Mathias Olesen huet 10 Punkten um Kont, krut dem Opstigskandidat Hannover beim 2:2 awer ee Punkt ofgeluchst. De Lëtzebuerger koum net an den Asaz.
Fir den Dirk Carlson gouf et an der zweeter éisträichescher Liga en Erfollegserliefnis. St. Pölten huet 2:1 géint Klagenfurt gewonnen. Dobäi ass den decisive Gol eréischt an der 87. Minutt gefall, nodeem St. Pölten engem Réckstand hannendru gelaf war. De Carlson huet duerchgespillt.
Fir den Yvandro Borges ass et an Holland dogéint net esou gutt gelaf. Seng Ekipp Heracles Almelo huet an der Eredivisie 1:2 géint Enschede verluer a steet weiderhin op der leschter Plaz. Almelo huet eréischt 3 Punkten um Kont. De Borges gouf an der 86. Minutt ausgewiesselt.
An der belscher Challenger Pro League bleift Beveren weider ouni Punktverloscht un der Tabellespëtzt. De Veräi vum Nationalspiller Laurent Jans konnt géint den direkte Konkurrent Kortrijk 3:1 gewannen an huet elo 5 Punkte Virsprong.
De Marvin Martins an den FC Winterthur wëllen einfach net an d’Gäng kommen. No 8 Spilldeeg hänke si mat just 2 Punkten op der leschter Plaz an der Schwäizer Super League. Op dësem Spilldag gouf et eng 2:4-Heemdefaite géint Lugano.
Den Olivier Thill feiert eng weider Victoire mat Novi Belgrad an der serbescher Super Liga. Um 11. Spilldag konnte si sech 1:0 géint den direkte Konkurrent Spartak Subotica duerchsetzen. Den Thill koum an der 59. Minutt vun der Bänk.
An der Bundesliga ass et zum Duell tëscht Werder Bremen, mam Lëtzebuerger Co. Trainer Raphael Duarte, an dem FC St. Pauli, mam Danel Sinani, komm. Dobäi ass Bremen ideal an de Match gestart a louch no 2 Minutte mat 1:0 a Féierung. An der Suite vum Match stoung Bremen immens kompakt, sou dass Pauli sech schwéier gedoen huet, sech richteg gutt Chancen erauszespillen. Um Enn sollt sech Bremen mat 1:0 duerchsetzen. De Sinani, dee fir de Lännermatch géint Däitschland e Freideg jo gespaart ass, huet de ganze Match iwwer gespillt.
Augsburg huet seng 2. Victoire an dëser Saison konnte feieren an huet sech mat 2:0 géint Wolfsburg duerchgesat. Dobäi souz den Aiman Dardari beim FCA 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Den Detail vun der Bundesliga fannt dir hei.
Iwwerdeems huet de Luc Holtz mat Waldhof Mannheim an der 3. Liga an Däitschland 1:4 géint de VFL Osnabrück verluer. Dobäi louch d’Ekipp vum Lëtzebuerger Trainer no 14. Minutten nach mat 1:0 a Féierung.
De Seid Korac huet mam FC Venedeg 3:0 géint Frosinone Calcio an der Serie B an Italie gewonnen. Den Nationalspiller huet de ganze Match gespillt an dozou bäigedroen, dass Venedeg zu Null gespillt huet.
De Sébastien Thill huet a Polen auswäerts mat Rzeszow 3:2 géint Polania gewonnen. Dobäi louch Rzeszow tëschenzäitlech no 46- Minutte schonn däitlech mat 3:0 a Féierung. An enger hektescher Schlussphase krut de Sébastian Thill an der 88. Minutt nach déi Giel Kaart gewisen. Um Enn sollt et awer fir d’Victoire duergoen. De Lëtzebuerger, dee seng Faarwen als Kapitän ugefouert huet, steet mat Rzeszow no 12. Spilldeeg am ieweschten Drëttel vun der Tabell.
Um Freideg den Owend huet Bastia an der Ligue 2 a Frankräich 0:0-Gläich géint Dunkerque gespillt. Dobäi huet de Florian Bohnert de ganze Match fir d’Lokalekipp vu Bastia gespillt. An der Tabell bleift Bastia op der 18 a leschter Plaz, mat aktuell 4 Punkten no 9 Spilldeeg.
An der hollännescher Eredivisie ass den Enes Mahmutovic bei der 1:2-Néierlag vu Breda géint Groningen fir zweet noeneen net fir seng Faarwen zum Asaz komm.