De 24. Oktober spillen d'Rout Léiwinne géint Ungarn, am November dann zweemol géint Zypern.

Viru ronn véier Méint ass déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp an d’Liga B vun der Nations League opgestigen. Déi nei Campagne geet réischt Ufank Mäerz d’nächst Joer un. Fir sech beschtméiglech ze preparéieren, spillt d’Ekipp vum Dan Santos de 24. Oktober e Frëndschaftsmatch auswäerts an Ungarn.

Den Nationaltrainer huet e Mëttwoch de Moie säi Kader fir d'Partie an enger décker Woch annoncéiert. Par Rapport zum Juni goufen et e puer Changementer. Ënner anerem sinn d’Andreia Machado, d’Leila Schmit an d'Edina Kocan net mat dobäi – dat aus berufflechen oder schoulesche Grënn. Donieft sinn awer nees eng Partie bekannt Gesiichter zréck am Krees vun der Nationalekipp.

Dan Santos: "D'Liane Freymann an d'Gioia Fioruuci sinn erëm bäikomm. Et sinn e puer Jonker dobäi vun der U19, well déi einfach performant waren. Si spillen am Veräin reegelméisseg, déi hunn e gewëssene Rhythmus a mir wëssen, mir hunn dat gesinn déi lescht Joren, datt mir e grousse Kader brauchen a jiddereen, dee Leeschtung bréngt, ass selektionabel a muss och belount ginn. Dofir sinn déi hei dräi Matcher, déi elo kommen an elo den heite Match interessant, fir d'Spillerinnen och erëm ze gesinn an dann eis selwer Bild ze maachen."

Den 24. Oktober kréien et d’Rout Léiwinnen mat Ungarn ze dinn. Eng Ekipp, déi déi lescht Joren an der Liga B vun der Nations League gespillt huet. En optimale Géigner, fir sech op déi nei Nations-League-Campagne an Liga am Mäerz ze preparéieren.

Dan Santos:"Fir eis ass dat eng gutt Moossnam, wat op eis am Mäerz duerkënnt. Da gesi mir jo, wat d'Realitéit ass, well um Pabeier ass et ëmmer sou eng Saach. Dofir ass den heite Match wierklech wichteg, well dee bréngt eis erëm op de Rhythmus an och mental erëm dohinner, wou mir wëlle kommen."

4 Méint ass déi lescht Partie vun de Roude Léiwinnen hir. Am Juni goung déi lescht Nations-League-Campagne op en Enn. Esou eng laang Zäit ouni Lännermatch, fënnt och den Nationaltrainer net ganz optimal.

Dan Santos: "Jo, et ass e bësse laang, dat ass wouer. Et muss een awer bedenken, elo am Oktober si Playoff-Matcher. Dat heescht, wa mir Zweete gi wären, hätte mer e Playoff-Match a Kompetitioun gehat. Dofir si mir frou, datt mir keng Kompetitiounen hunn, datt mir Éischte gi sinn. Dofir kënne mir eis net bekloen. Mee mir si frou, datt mir elo kënne spillen. Dat ass wichteg fir d'Preparatioun fir 2026. Mir waarden haaptsächlech elo op den Tirage, deen de 4. November elo gläich kënnt."

Da kenne Miller, Thompson a Co. hir Géigner an der Liga B vun der Nations League. Virun der neier Campagne stinn awer nach engem décke Mount zwee weider Frëndschaftsmatcher um Programm. D'Ekipp vum Dan Santos spillt donieft den 28. November an den 1. Dezember zweemol auswäerts géint Zypern.