Stroossen no Victoire géint de Racing virleefeg Leader
Fir den Optakt vum 10. Spilldag am nationale Futtballchampionnat krut et e Samschdeg Stroossen mam Stater Racing ze dinn.
Duerch eng 2:1-Victoire sammelt d'UNA Stroossen déi nächst dräi Punkten an ass domadder op d'mannst fir eng Nuecht neien Tabelleleader.
Dobäi war et ufanks de Racing, deen hellwaakreg war an no nëmmen dräi Minutten duerch den Herrmann a Féierung gaangen ass, deen no no enger schéiner Flank vum Lesquoy mam Kapp un de Ball komm ass. Nom fréie Géigegol hunn d'Gäscht vu Stroossen da probéiert, d'Kontroll iwwert de Match ze huelen, wat géint eng kompakt géigneresch Defense awer net grad einfach war. An der 36. Minutt goufen déi Stroossener Beméiungen dann a Form vun engem Gol belount. Den Nogueira Albuquerque De Souza, konnt de Ball no enger Viraarbecht vum Tim Hall iwwert d'Linn drécken. Nach virun der Paus war et dann op en Neits de Brasilianer, deen dës Kéier de Schoss vum Gonçalves fir d'2:1-Féierung erageschoss huet.
An der zweeter Hallschent war Stroossen dann déi Ekipp, déi weider méi Chancen op e weidere Gol hat. Fir de Racing sollt et spéitstens mat der Giel-Rouder Kaart fir den Ikene richteg schwéier ginn, hei nach op d'mannst nach ee Punkt doheem ze halen. D'Lokalekipp huet nach eemol volle Risiko aginn, sollt dofir awer um Enn net méi belount ginn. Stroossen konnt d'Féierung an domat déi wichteg dräi Punkten iwwert d'Zäit bréngen.
E Sonndeg ginn dann déi aner Matcher vum 10. Spilldag gespillt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater