
En Dënschdeg den Owend stoungen an de 1/4-Finalle vun der Champions League déi éischt zwee Retourmatcher um Programm.
Am éischten Duell konnt sech den AC Mailand mat engem 1:1-Remis zu Neapel den Ticket fir d'1/2-Finalle sécheren. De Gol vum Victor Osimhen an der Nospillzäit war ze spéit gefall fir nach eppes ze bewierken. An der anerer Partie vum Owend gouf et fir Real Madrid zu London eng 2:0-Victoire géint den FC Chelsea, dat no zwee Goler vum Rodrygo.
E Mëttwoch den Owend ginn dann d’Géigner vum AC Mailand a Real Madrid ermëttelt. Fir d’Rossoneri geet et géint de Gewënner aus dem Duell Inter Mailand géint Benfica an déi Kinneklech kréien et entweder mat de Bayern oder Manchester City ze dinn.
0:1 Giroud (43'), 1:1 Osimhen (90+3')
No der knapper Mailänner 1:0-Victoire am Allersmatch vu leschter Woch war en Dënschdeg den Owend am Stadio Diego Armando Maradona zu Neapel nach alles méiglech. Mat där Astellung, datt nach näischt entscheet war, sinn d’Haushären och an de Match gestart. D’Ekipp an den hellbloen Trikoten hat déi éischt Minutten zum gréissten Deel de Ball an huet de Match bestëmmt. D’Gäscht dogéint hu sech op déi defensiv Aarbecht konzentréiert, déi duerch déi offensiv Qualitéit vun Neapel awer op wackelege Bee stoung. Osimhen, Kvaratskhelia & Co. hunn den AC Mailand fréi ënner Drock gesat a sinn och ëmmer nees geféierlech zum Ofschloss komm.
Wéi aus dem Näischt ass et no gutt 20 Minutten dann en Eelefmeter fir de Gaascht ginn, nodeems de Mario Rui de Rafael Leao am Strofraum ugehalen an zum Fale bruecht huet. Den Olivier Giroud ass doropshi vum Punkt ugetrueden, mat sengem hallef héije Schoss op d’Säit ass de Fransous awer net laanscht den Alex Meret am Gol komm. Den 1:0 fir Neapel louch weider an der Loft, ma géint eng gutt Defense vum AC gouf et keen Duerchkommen. Ee Gol sollt et an der éischter Hallschent dann awer nach ginn. Duerch e staarke Laf vum Rafael Leao konnt de Portugis de Ball am Strofraum eriwwer op den fräien Olivier Giroud leeën, dee vun do aus sécher op 1:0 gestallt huet. Mat engem Réckstand ass et fir Neapel sou no 45 Minutte géint liicht glécklech awer dofir effektiv Mailänner an d’Paus gaangen.
Am zweeten Duerchgang huet een en änlecht Bild wéi nach am Ufank vun der Partie ze gesi krut. Eng engagéiert Lokalekipp, déi de Wee Richtung Gol gesicht huet an en defensiv orientéierte Gaascht, dee mam 1:0 am Réck och kee gréisseren Interessi dorun hat zwéngend offensiv aktiv ze ginn. Mat der Zäit huet ee gemierkt, datt ëmmer méi d’Loft raus war an domat och d’Hoffnung op e Comeback no an no verschwonnen ass. Dat sollt sech zéng Minutte viru Schluss dann nach eemol fir eng kuerz Zäit änneren, wéi den Arbitter no engem Handspill vum Fikayo Tomori op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. De Khvicha Kvaratskhelia ass ugelaf, ma de Mike Maignan huet den Eck gericht a konnt domat de Schoss vum Georgier halen.
D’Spannung ass also fir déi lescht zéng Minutten net méi zréckkomm. Och de Gol vum Victor Osimhen zum 1:1 an der 93. Minutt sollt dorun näischt méi änneren. Um Enn geet e Remis am Retourmatch fir AC Mailand duer, fir sech eng Plaz ënnert de beschte véier Ekippen an Europa ze sécheren.
0:1 Rodrygo (58'), 0:2 Rodrygo (80')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.