
AC Mailand - Genua 2:0
1:0 Rafael (11'), 2:0 Junior Messias (87')
An der Serie A huet fir de Kont vum 33. Spilldag den AC Mailand mat 2:0 géint Genua gwonnen. No 90 Minutten ass et eng verdéngte Victoire fir d’Rossoneri, Genua war ze harmlos. No enger fréier Féierung duerch de Rafael huet sech den AC Mailand laang ganz konzentréiert an ofgezockt gewisen, ier de Junior Messias kuerz viru Schluss mam 2:0 den Deckel drop gemaach huet.
Den AC Mailand bleift duerch dës Victoire un der Tabellespëtzt an der Serie A. Genua steet weider op enger Ofstigsplaz.
Spezia Calcio - Inter Mailand 1:3
0:1 Brozovic (31'), 0:2 L. Martinez (73'), 1:2 Maggiore (88'), 1:3 A. Sanchez (90+3')
Inter Mailand ass e Freideg den Owend fir d'9. Kéier noeneen ongeschloe bliwwen. Bei Spezia Calcio konnt ee sech iwwert een 3:1 freeën. Mat engem Match manner huet ee weiderhin 2 Punkte Retard op den AC.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Stade Rennes - Monaco 2:3
1:0 Tait (3'), 1:1 Vanderson (12'), 1:2 Ben Yedder (57'), 1:3 Boadu (77'), 2:3 Terrier (90+2', Eelefmeter)
Stade Rennes huet sech e Freideg den Owend misse mat 2:3 géint Monaco geschloe ginn. Den Tabellendrëtten huet domadder just nach 3 Punkten Avance op Monaco, déi op der 4 stinn. Donieft kéint de Réckstand op den Tabellenzweeten de Weekend op 6 Punkten wuessen.