
Ee Klimaaktivist war am Ufank vum zweete Saz op den Tennisterrain gelaf an hat do e Feier geluecht. Dobäi ass de rietsen Aarm vum Mann a Brand geroden. De Mann konnt d’Feier op sengem Aarm selwer ausmaachen. Eréischt duerch d’Hëllef vun Offiziellen ass och d’Feier um Terrain geläscht ginn.
Den Aktivist gouf vum Terrain gedroen.
Den Tsitsipas huet d’Partie mat 6:2 a 6:1 fir sech entscheet.