
En Donneschdeg de Moien um 1.30 Auer Lëtzebuerger Zäit ass et fir New York City mam Maxime Chanot géint Orlando City gaangen. Auswäerts koum dem Lëtzebuerger seng Ekipp net iwwert en 1:1-Gläichspill eraus. De Maxime Chanot stoung de ganze Match iwwer um Terrain an huet an der 71. Minutt eng giel Kaart gesinn. New York City steet den Ament op der 9. Plaz an der MLS-Eastern-Conference a konnt elo scho véier Matcher hannerteneen net méi gewannen.
Al-Wehda konnt sech auswäerts mat 1:0 géint den Tabellendrëtten Al-Shabab duerchsetzen. Den decisive Gol konnt de Yoda an der 13. Minutt markéieren. De Lëtzebuerger Nationalspiller Gerson Rodrigues stoung iwwerdeems net am Kader, hien huet de Match en Donneschdeg vun der Tribün aus misse verfollegen. Al-Wehda steet den Ament op der 13. Tabelleplaz mat fënnef Punkte Virsprong op eng direkt Ofstigsplaz.