TennisAlcaraz, Medvedev an Tsitsipas eng Ronn zu Wimbledon weider, Zverev eraus

RTL Lëtzebuerg
De Carlos Alcaraz, Nummer 1 op der Welt, huet sech ouni Problemer a 4 Sätz géint de Chilen Nicolas Jarry fir déi nächste Ronn qualifizéiert.
© AFP

Den Danijl Medvedev huet sech dogéint an 3 Sätz géint den Ungar Fucsovics behaapt. De Griich Tsitsipas huet och just 3 Sätz gebraucht, fir sech géint de Serb Djere duerchzesetzen. Am Ganze konnt sech bei den Hären all Favoritt am drëtten Tour duerchsetzen. Déi zwee eenzeg Ausname sinn den Amerikaner Paul, dee sech no 5 Sätz géint den Tschech Lehecka huet misse geschloe ginn, souwéi den Zverev, dee géint den Italiener Berrettini verléiert.

Och bei den Damme konnte sech d’Favoritinnen duerchsetzen. Hei sti Sabalenka, Jabeur, Rybakina, Kvitova, Cirstea, Keys an Alexandrova an der nächster Ronn.

Back to Top
CIM LOGO