Schi AlpinAleksander Aamodt Kilde wënnt Descente zu Wengen

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger huet sech virun de Schwäizer Marco Odermatt a Beat Feuz duerchgesat.
Aleksander Aamodt Kilde feiert seng Victoire zu Wengen
Aleksander Aamodt Kilde feiert seng Victoire zu Wengen
© AFP

E Freideg huet den Aleksander Aamodt Kilde déi éischt vun zwou Weltcup-Descenten zu Wengen gewonnen. Op der verkierzter Lauberhorn-Streck huet sech den Norweger mat enger Avance vun 19 Honnertstel virum Schwäizer Marco Odermatt duerchgesat. Mat engem Réckstand vun 30 Honnertstel stoung nach de Schwäizer Beat Feuz um Podium.

Déi eigentlech “Lauberhorn-Descente” ass eréischt e Samschdeg an da wäert et och nees déi längst Descente-Streck vun der Welt mat enger Fuerzäit vun zirka 2:30 Minutte sinn.

Back to Top
CIM LOGO