TennisAlex Knaff séchert sech den Titel bei de Sudstroum Open

Franky Hippert
Tim Hensgen
An der Finall konnt sech de 25 Joer ale Lëtzebuerger an zwee Sätz mat 6:3 a 6:1 duerchsetzen a steet elo an den Top 500 an der Weltranglëscht.
Den Alex Knaff wënnt d'Sudstroum Open
An der Finall konnt sech de 25 Joer ale Lëtzebuerger an zwee Sätz mat 6:3 a 6:1 duerchsetzen a steet elo an den Top 500 an der Weltranglëscht.

Zwee Deeg no senger Victoire am Dubbel zesumme mam David Pichler huet sech den Alex Knaff (WR 604) e Sonndeg déi nächst Victoire geséchert. Beim Turnéier um Gaalgebierg konnt de Sportzaldot sech an der Finall géint de Marlon Vankan (WR 982) aus Däitschland mat 6:3 a 6:1 behaapten.

Victoire vum Alex Knaff - De Reportage vum Franky Hippert

Dësen ITF-Tournoi gouf vum Tennis Club vun Esch organiséiert. Déi Woch virdrun gouf den Alex Knaff beim ITF-Tournoi vun der Federatioun nach an der Halleffinall eliminéiert. Spilleresch an Taktesch war de Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller beim zweeten Tournoi an och an der Final richteg op der Héicht.

Alex Knaff: “Och an deene wichtege Momenter wou et vu menger Säit aus, net esou gutt gaangen ass, sinn ech menger Linn trei bliwwen, dem game plan trei bliwwen an dat huet een zum Schluss och gesinn, ech hunn him mega Drock gemaach am Spill an zum Schluss mengen ech, war ech de bessere Spiller.”

Den Alex Knaff huet iwwert d’Joer och ëmmer nees de Gilles Muller als Trainer u senger Säit. Déi fréier Nummer 21 an der Weltranglëscht hat nom Tournoi dann och vill Luef fir säi Spiller.

Gilles Muller: “Jo, ech sinn immens frou, et ass flott fir den Alex, datt hien en Tournoi gewonnen huet, virun allem hei heem zu Esch. Déi lescht Wochen huet hien scho vill Progrèsen gemaach gehat, leider ass et do nach ni duergoen, dofir ëm esou méi flott, datt e sech elo mat engem Titel konnt belounen.”

An der neister Tennis Weltranglëscht verbessert sech den Alex Knaff mat der Victoire zu Esch um 103 Plazen, a steet elo an den Top 500, an zwar op der 490.

Tennis Sudstroum Open / Magazin vum Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO