TennisAlexander Zverev wënnt ATP-Finals

RTL Lëtzebuerg
An der Finall konnt sech den däitschen géint de Russ Daniil Medvedev duerchsetzen.
© AFP

No enger staarker Leeschtung huet sech den Alexander Zverev mat 6:4 a 6:4 géint de Russ Daniil Medvedev duerchgesat a séchert sech domadder no 2018 déi zweete kéier den Titel bei den ATP-Finals.

An der Gruppephase konnt sech nach de Russ géint den Däitschen mat 6:3, 6:7 a 7:6 duerchsetzen. An der Finall war fir de Medvedev géint den Zverev dann awer kee Kraut gewuess. An der Halleffinall hat den Zverev schonn d’Nummer 1, Novak Djokovic, bezwongen.

Back to Top
CIM LOGO