Uefa Player AwardsAlexia Putellas a Jorginho als Spillerin a Spiller vum Joer ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Tirage vun der Gruppephas vun der Champions League goufen zu Istanbul och d'Uefa Player Awards verdeelt.
© AFP (Archiv)

D’Alexia Putellas vum FC Barcelona gouf zur beschter Spillerin vum Joer gewielt. Bei den Häre goung deen Titel un de Jorginho vun Chelsea.

De President Award geet un de Simon Kjaer, d’dänesch Nationalekipp an de medezinesche Staff fir hiren Asaz nom Kollaps vum Christian Eriksen bei der Futtball-EM.

Weider Awards

Beschte Golkipp: Edouard Mendy (FC Chelsea)

Bescht Golkipperin: Sandra Panos (FC Barcelona)

Beschte Verdeedeger: Ruben Dias (Manchester City)

Bescht Verdeedegerin: Irene Paredes (FC Barcelona)

Beschte Mëttelfeldspiller: N’Golo Kanté (FC Chelsea)

Bescht Mëttelfeldspillerin: Alexia Putellas (FC Barcelona)

Beschte Stiermer: Erling Haaland (Borussia Dortmund)

Bescht Stiermerin: Jennifer Hermoso (FC Barcelona)

Beschten Trainer bei den Hären: Thomas Tuchel (FC Chelsea)

Beschten Trainer bei den Dammen: Lluis Cortes (FC Barcelona)

Back to Top
CIM LOGO