
De Fransous Karim Benzema ass den europäesche Futtballer vum Joer. De 34 Joer ale Stiermer vum Champions-League-Gewënner Real Madrid huet sech bei der Wiel vun der Europäescher Futtball-Unioun géint säin Teamkolleeg Thibaut Courtois an de Kevin De Bruyne vu Manchester City duerchgesat.
Bescht Futtballerin an Europa ass d’Alexia Putellas (FC Barcelona), si huet sech virum Lena Oberdorf (VfL Wolfsburg) an dem Beth Mead (FC Arsenal) behaapt.
Bei den Trainere gouf de Real-Coach Carlo Ancelotti ausgezeechent. Hien huet sech géint de Jürgen Klopp (FC Liverpool) an de Pep Guardiola (Manchester City) duerchgesat. Bei den Trainerinne gouf d’Sarina Wiegman ausgezeechent. Si huet mat Holland d’EM gewonnen. Nominéiert waren nach d’Martina Voss-Tecklenburg (Däitsch Nationalekipp) an d’Sonia Bompastor (Olympique Lyon).