Lëtzebuerger Anti-Dopping-AgenceAll 232 Doping-Kontrollen d'lescht Joer waren negativ

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Anti-Dopping-Agence huet en Donneschdeg de Bilan vun den Dopping-Kontrolle vum Joer 2023 matgedeelt.
© Envato

Am Ganze goufen 232 Kontrollen duerchgefouert. Alleguerte ware se negativ. Et goufen awer 10 sougenannten “No Show”. Dat heescht, d‘Athlete waren net op där Plaz, wou si sollte sinn, fir eng Kontroll kënnen ze maachen. Et goufen och 12 “Filing Failure”. Dat heescht, datt d‘Athleten hir Lokalisatioun am ADAMS System (Anti-Doping Administration and Management System) net uginn haten.

Réischt wann een Athlet bannent 12 Méint, dräi “No Show” oder “Filing Failure” huet, gëtt hie sanktionéiert.

PDF: Schreiwes vun der Alad

Back to Top
CIM LOGO