29. Mee bis den 3. JuniAll d'Informatioune ronderëm d'Spiller vun de klenge Länner op Malta

Yannick Zuidberg
Vum 29. Mee bis den 3. Juni ass op Malta déi 19. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner.
De Bob Bertemes hofft op Gold am Bommstoussen, hien ass awer och beim Diskus mat dobäi.
De Bob Bertemes hofft op Gold am Bommstoussen, hien ass awer och beim Diskus mat dobäi.
© AFP

1985 war a San Marino déi éischt Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner. Hei sinn ëmmer déi 9 europäesch Länner (San Marino, Monaco, Liechtenstein, Andorra, Island, Malta, Montenegro, Lëtzebuerg an Zypern) dobäi, déi manner wéi eng Millioun Awunner hunn. Dës Spiller ginn all zwee Joer organiséiert, allkéiers an engem aner Land. 1995 an 2013 waren d’Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg.

Dëst Joer sinn d’Spiller vun de kleng Länner op Malta, dat vum 29. Mee bis den 3. Juni. Dobäi trieden déi verschidden Natiounen an 10 Sportaarte géinteneen un: Liichtathletik, Basket (5x5 an 3x3), Judo, Rugby, Seegelen, Sportschéissen, Squash, Schwammen, Dëschtennis an Tennis.

Alwin de Prins am RTL-Interview
D’Spiller vun de klenge Länner sinn e festen Deel am Agenda.

Back to Top
CIM LOGO