Op der MuselAlles prett fir déi 10. Editioun vum Ironman Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass zu Réimech nees eng méi lass.
Alles prett fir déi 10. Editioun vum Ironman Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass zu Réimech nees eng méi lass.

Déi 10. Editioun vum Ironman Lëtzebuerg steet virun der Dier. En Donneschdeg den Owend hunn d’Organisateuren de Programm fir de Weekend virgestallt. An deenen 3 Disziplinne Schwammen, Vëlofueren a Lafe geet et net nëmmen ëm d’Victoire vum Ironman, mee fir d’Lëtzebuerger och ëm de Championstitel iwwert déi laang Distanz am Triathlon bei den Dammen an den Hären. Donieft ass awer och fir all Alterskategorie eppes dobäi.

1,9 Kilometer Schwammen, 90 Kilometer Vëlofueren an 21,1 Kilometer Lafe sti fir d’Athleten e Sonndeg um Programm. D’Preparatioune sinn all ouni gréisser Problemer ofgelaf, dat och bedéngt, well een no 10 Joer schonn eng Gewëssen organisatoresch Erfarung huet. De Parcours an de Programm sinn änlech wéi déi Jore virdrun.

Iwwert de ganze Weekend ass fir Ënnerhalung gesuergt.

Zanter 8 Joer gëtt nieft dem Ironman och den Titel vum Lëtzebuerger Triathlonchampion iwwert déi laang Distanz verginn. Mam Gilles Miny, dem Daniele Flammang an dem Sally Dickes ass ee mat nationalen Athlete gutt besat, mee och international Top-Sportler si mat dobäi.

Et bleift also ofzewaarden, wie sech e Sonndeg den Titel vum Ironman Lëtzebuerg an de Championstitel bei den Dammen an den Häre ka sécheren.

Back to Top
CIM LOGO