BundesligaAm däitsche Futtball sicht Gladbach fir d‘nächst Saison en neien Trainer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d‘Sportzeitung "Kicker" mellt, géifen d‘Borussen an den Daniel Farke direkt getrennte Weeër goen.

Fir de Farke ass, genee wéi virdru fir den Adi Hütter, no just enger Saison Schluss bei de Fohlen. Gladbach stoung um Enn vun der Saison an der éischter Bundesliga just op der 10. Plaz. Bei de Borusse si jo och d‘Lëtzebuerger Nationalspiller Yvandro Borges an Tiago Pereira ënner Kontrakt.

Back to Top
CIM LOGO