
“De neie nationale Futtballstadion op der Cloche d’Or gëtt eis ganz nei Méiglechkeete fir eise Supporter eppes ze bidden.” Dat huet de President vun der FLF, de Paul Philipp ëmmer gesot, wéi nach am ale Stade Josy Barthel op der Arelerstrooss gespillt gouf. Elo am Stade de Luxembourg wäert et an Zukunft e Roude Léiw Club ginn. Wat dat genee ass, huet de Franky Hippert bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun nogefrot.
Vill Lëtzebuerger Futtballsupporter konnten sech mëttlerweil e Bild vun neien nationale Futtballstadion maachen. Fir déi nächst Heemmatcher an der Nations League am Juni huet d’FLF am Stade de Luxembourg de Roude Léiw Club an d’Liewe geruff. Den Erny Decker vun der Futtballfederatioun:
“Duerch d’Raimlechkeeten am neie Stadion, mir hu jo bekanntlech ee Businessclub do, an dunn ass d’Iddi entstanen eppes ze maachen, een Treff fir d’Lëtzebuerger Fans wou kann diskutéiert ginn, wou kann ee Patt zesumme gedronk ginn, also eng richteg Futtballstëmmung opkënnt. Dat ass de Roude Léiw Club, wéi en an Zukunft soll ausgesinn.”
Fir de Roude Léiw Club brauch ee keng Memberskaart. Et geet éischter ëm d’Raimlechkeeten, vu wou een d’Futtballlännermatcher ka suivéieren:
“Et fänkt domat un, datt een de Match op engem ganz confortabele Setz vun der Haapttribün aus verfollege kann. An da gëtt et zwou Stonne virum Match, an der Paus, an nom Match Streetfood a Fingerfood, an et gëtt natierlech Gedrénks. Dat ass den Ënnerscheed. Am Businessclub, do treffen sech eis Sponsoren, do treffen sech eis Firmaen, do gëtt sech ausgetosch am Sponsorberäich. Dat ass natierlech net ze vergläiche mam Roude Léiw Club.”
Roude Léiw Club klengt natierlech och e bëssen no Fanclub, et ass awer absolut net mat esou engem ze verwiesselen. Et ass elo direkt och nach net virgesinn, datt et e Roude Léiw Club fir Kanner gëtt, deen awer sécherlech gutt bei deene jéngste Futtballsupporter ukéim.
Fir déi dräi Matcher an der Nations League heiheem - den 11. Juni géint d’Tierkei, den 14. géint d’Färöer Inselen, an de 25. September géint Litauen - kann een de Package fir de Roude Léiw Club vun elo un bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun kafen. Déi dräi Matcher ginn et am Abonnement fir 330 Euro.