Futtball-WM vun den DammenAmy Thompson hofft, datt den Dammefuttball weider evoluéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Dammen ugefaangen. 1991 gouf déi éischte WM fir Dammen organiséiert.
Neiséiland huet den Optaktmatch mat 1:0 géint Norwegen gewonnen.
Neiséiland huet den Optaktmatch mat 1:0 géint Norwegen gewonnen.
© AFP

An der Geschicht vum Dammefuttball ass et dat gréissten Turnéier, dat bis elo organiséiert gouf. Wärend engem Mount ginn net manner wéi 64 Matcher gespillt.

Futtball-WM vun den Dammen/Reportage Rich Simon

1930 gouf déi éischte Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Häre gespillt. 61 Joer méi spéit war et dunn un den Dammen. 1991 waren awer grad emol 12 Natiounen op der WM, déi a China organiséiert gouf, mat dobäi. Den Titel ass deemools un d’USA gaangen. D’Amerikanerinnen hu bei 8 Editiounen, déi bis elo organiséiert goufen, 4 Mol d’Finall gewonnen. Dat war ënnert anerem bei den zwou leschte Weltmeeschterschaften de Fall. Fir déi Lëtzebuerger Nationalspillerin Amy Thompson, zielen d’USA och dës Kéier nees zu de Favoritten.

Meng Favoritte sinn England, Amerika, villäicht Frankräich an eventuell och Däitschland. Viru Jore ware si um Top vum Top an elo ass et awer bësse biergof gaangen. Villäicht kënne si awer fir eng Iwwerraschung suergen.

Déi däitsch Dammen hu sech awer an de Preparatiounsmatcher schwéier gedoen. Et gouf eng knapp Victoire géint Vietnam an esouguer eng Néierlag géint Sambia. Béid Länner sinn och op der Weltmeeschterschaft mat dobäi. Duerch den Zäitënnerscheed ginn d’Matcher op der WM an eise Breedegraden tëscht 3 Auer an der Nuecht a 14 Auer mëttes gespillt. Dat ass sécherlech net optimal. D’Amy Thompson hofft awer, datt d’Qualitéit stëmmt an d’Ekippe vum Niveau hier no beienee sinn.

Ech hoffen, datt d’Matcher spannend ginn. Datt et keng Matcher wéi op der EM ginn, wou England 8:0 géint Norwegen gewonnen huet. Ech hoffen, datt d’Matcher knapp ginn an datt e puer Iwwerraschunge kommen.” En Donneschdeg sinn d’Iwwerraschungen awer emol ausbliwwen. Neiséiland huet sech mat 1:0 géint Norwegen behaapt a mat deem selwechte Resultat huet sech Australien géint Irland duerchgesat. Dobäi waren och nees extrem vill Spectateuren am Stadion, esou zum Beispill 80.000 am ausverkaaften Accor Stadium zu Sidney. Eng Entwécklung, déi weist, datt den Dammefuttball um richtege Wee ass.

Ech mengen, den Dammefuttball ass vill méi populär ginn, et gëtt vill méi gekuckt. Wann een iwwer déi lescht 2 Joer gesäit, wéi eng Rekorder gebrach ginn a Punkto Spectateuren, da si mir um richtege Wee, wat den Dammefuttball weltwäit ugeet. Hoffentlech wäerten och déi kleng Länner matzéien an esou evoluéieren. Ech hoffen, datt d’Leit, och wann d’Matcher esou fréi gespillt ginn, aschalten an d’Matcher kucken an dat alles ënnerstëtzen.

D’Amy Thompson

Back to Top
CIM LOGO