Op der KockelscheierAndréck vun der 40. Editioun vum COSL Spillfest

RTL Lëtzebuerg
Sport a Spill fir déi ganz Famill, huet et op der Kockelscheier geheescht.
COSL Spillfest
Sport a Spill fir déi ganz Famill, huet et op der Kockelscheier geheescht.

Bis Ugangs den 90er Jore gouf d’Spillfest vum olympesche Sportscomité op der Kinnekswiss an der Stad organiséiert. Dee Site ass mat der Zäit awer de Besoinen vum COSL a senge Federatiounen net méi gerecht ginn. Ëmmerhin zitt dëst Evenement all Joer ëm di 10.000 Leit un. Et ass en traditionelle RDV op Christi Himmelfahrt fir all déi, di scho sportbegeeschtert sinn oder et wëlle ginn. Et war schonn déi 40. Editioun vum Spillfest an dofir konnt een och bei 40 Sportatelieren aktiv matmaachen. Sënn an Zweck vum Evenement ass et de Sport ze notzen, fir de Kanner motoresch a sozial Kompetenze mat op de Wee ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO