Europa LeagueAnthony Moris a Saint-Gilloise gewanne géint Union Berlin

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp konnt un der Alten Försterei dräi Mol a Féierung goen, dräi Mol konnt Union Berlin awer ausgläichen.
© AFP

En Donneschdeg den Owend sinn an der Europa League d’Retourmatcher an den Aachtelsfinalle gespillt ginn.

Fir den Anthony Moris gouf et mat der Union Saint-Gilloise géint Union Berlin eng 3:0 Victoire.

An de weidere Partië vum Owend konnte sech ënnert anerem Leverkusen, Manchester United a Juventus Turin duerchsetzen.

Union Saint-Gilloise - 1. FC Union Berlin 3:0
1:0 Teuma T. (18'), 2:0 Lazare Amani J. (63'), 3:0 Lapoussin L. (90+4')

Wéi schonn an der Gruppephas si béid Ekippen och an den 1/8-Finallen nees openeegetraff. Ma anescht wéi am Allersmatch, konnt sech Unioun Saint-Gilloise dës Kéier dann dach relativ kloer am Retourmatch géint d’Ekipp aus Berlin behaapten. Den Teuma hat déi Belsch Ekipp schonn no 18 Minutten a Féierung bruecht. D’Berliner hunn et net fäerdeg bruecht hei ze reagéieren, sou dass et mat engem Gol Avance fir d’Belsch an d’Paus gaangen ass.

Am zweeten Duerchgang konnt Saint-Gilloise dann nach eemol eng Schëpp drop leeën an de Virsprong weider ausbauen. An der 63. Spillminutt war et de Lazare Amani, mat Bedeelegung vum Boniface, dee fir den 2:0 fir d’Ekipp aus der Belsch gesuergt huet. Kuerz viru Schluss ass dann nach en 3. Gol gefall fir Saint-Gilloise, ma dee gouf awer nom Videobeweis nees anuléiert. Sou dass et zu deem Zäitpunkt beim 2:0 bliwwen ass fir d’Ekipp vum Anthony Maurice. Ma an der 94. Minutt war et dann nach eemol de Lapoussin, dee fir den 3:0 Endstand gesuergt huet. Domadder ass d’Ekipp dann och weider an der Véierelsfinall.

D’Resultater vun deenen anere Matcher mam Iwwerbléck vun de Goler fannt Dir hei:

Betis Sevilla - Manchester United 0:1
0:1 Rashford M (56')

Fenerbahçe Istanbul - FC Sevilla 1:0
1:0 Valencia E. (41')

SC Freiburg - Juventus Turin 0:2
0:1 Vlahović D. (45'), 0:2 Chiesa F. (90+5')

Feyenoord Rotterdam - Schachtar Donezk 7:1
1:0 Gimenez S. (9'), 2:0 Kökçü O. (24'), 3:0 Kökçü O. (38'), 4:0 Idrissi O. (49'), 5:0 Idrissi O. (60'), 6:0 Jahanbakhsh A. (64'), 7:0 Danilo (67'), 7:1 Kelsy K. (87')

FC Arsenal - Sporting CP 1:2 n.E.
1:0 Xhaka G. (19'), 1:1 (62')

Ferencváros Budapest - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Diaby M. (3'), 0:2 Adli A. (81')

Real Sociedad - AS Rom 0:0

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO