
En Donneschdeg den Owend sinn an der Europa League d’Allersmatcher an den Aachtelsfinalle gespillt ginn.
Fir den Anthony Moris gouf et mat der Union Saint-Gilloise géint Union Berlin en 3:3-Remis an am Match géint den SC Freiburg konnt sech Juventus mat 1:0 behaapten.
An de weidere Partië vum Owend konnte sech ënnert anerem Leverkusen, AS Roum a Manchester United duerchsetzen. Sporting Lissabon an Arsenal hunn iwwerdeems mat engem 2:2-Remis d’Spannung fir de Retourmatch nächst Woch héich gehalen.
Union Berlin - Saint-Gilloise 3:3
0:1 Boniface (28'), 1:1 Juranovic (42'), 1:2 Vertessen (58'), 2:2 Knoche (69'), 2:3 Boniface (72'), 3:3 Michel (89')
Wéi schonn an der Gruppephas si béid Ekippen och an den 1/8-Finallen eng weider Kéier openeegetraff. An engem spannende Match kann Union Berlin dräi Mol e Réckstand ophuelen an um Enn en 3:3-Remis erkämpfen. De Boniface hat déi Belsch Ekipp no 28 Minutten eng éischte Kéier duerch en ofgefälschte Schoss a Féierung bruecht. D’Berliner hunn doropshin direkt no enger Äntwert gesicht an hunn et kuerz virun der Paus nach hikritt op 1:1 ze stellen. Den deelweis staarke Schnéi huet den Ekippen et zousätzlech net grad einfach gemaach.
Am zweeten Duerchgang konnt Saint-Gilloise dann eng weider Kéier e Virsprong am Numm vum Vertessen opbauen. Dëse sollt gutt zéng Minutte méi spéit awer eng weider op der Kipp stoen, dat well et en Eelefmeter fir d’Lokalekipp ginn ass. Den Anthony Moris konnt de Schoss vum Knoche am éischten Essai zwar halen, den Noschoss vum däitschen Defenseur konnt hien awer net méi verhënneren. De Match ass elo richteg an d’Rulle komm, sou war et nëmmen dräi Minutten drop nees de Boniface, dee mat sengem zweete Gol vum Owend op 3:2 stelle konnt. Union Berlin wollt sech domat awer net zefridde ginn. An der Schlussphas si si nach eemol volle Risiko agaangen a sinn eng Minutt viru Schluss dann och dofir belount ginn. De Gol vum Michel an der 89. Minutt huet fir den Ausgläich gesuergt an hält domat fir de Retourmatch zu Bréissel alles op.
Juventus - SC Freiburg 1:0
1:0 Di Maria (53')
Zu Turin konnt sech Juventus am Allersmatch mat enger knapper 1:0-Victoire géint den SC Freiburg duerchsetzen. D’Ekipp aus dem Breisgau war vun Ufank u gefuerdert an huet misse géint eng engagéiert Bianconeri dergéinthalen. Den Offensiv-Trio vun Turin huet vill Drock gemaach an de Wee op de Gol gesicht, ouni an der éischter Hallschent awer Succès ze hunn. Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net vill geännert a sou huet net laang gedauert bis den éischte Gol gefall ass. Den di Maria huet sech am Kappballduell duerchgesat a seng Ekipp a Féierung bruecht. Vu Freiburg ass weider offensiv sou gutt wéi näischt komm. Juventus huet ee Gang zréckgeschalt a wollt d’Féierung sécher iwwer d’Zäit bréngen. Dat ass och gutt gelongen a sou geet et fir si mat enger verdéngter Victoire am Réck an de Retourmatch op Freiburg.
Leverkusen - Ferencvaros 2:0
1:0 Demirbay (10'), 2:0 Tapsoba (86')
AS Roum - San Sebastian 2:0
1:0 El Shaarawy (13'), 2:0 Kumbulla (87')
Sporting - Arsenal 2:2
0:1 Saliba (22'), 1:1 Goncalo Inacio (34'), 2:1 Paulinho (55'), 2:2 Morita (62')
Manchester United - Betis 4:1
1:0 Rashford (6'), 1:1 Ayoze Perez, 2:1 Antony, 3:1 Bruno Fernandes, 4:1 Weghorst (82')
Shakthar Donezk - Feyenoord 1:1
1:0 Rakytskyy, 1:1 Bullaude (88')
FC Sevilla - Fenerbahce 2:0
1:0 Jordan (56'), 2:0 Lamela (85')