
Dat huet elo rezent net nëmmen de Sportminister Georges Engel gesot, ma dee Constat maachen d’Sportsproffen zanter Joren. D’Apep, d’Associatioun vun de Sportsproffen, huet dofir an engem Schreiwes drop higewisen, datt d’Beweegung an de Sport an der Schoulplanung eigentlech ëmmer méi wichteg misst ginn.
D’Schoulrentrée am Lycée war viru véier Wochen. D’Sportsproffe konnte sech deemno schonn nees e Bild maachen, wéi et beweegungstechnesch bei de Schüler ausgesäit, an do ass et en Trend, dee sech schonn déi lescht Jore manifestéiert huet. Den Yves Picard, President vun der Associatioun vun de Sportsproffen:
“En Deel vu Schüler, déi ganz aktiv sinn, awer eng méi grouss Mass, déi wierklech Schwieregkeeten hunn, déi Inhalter, déi an der Schoul traitéiert ginn, ëmzesetzen. All klengen Effort schéngt scho bal ze vill ze sinn.”
De Problem ass awer keen eleng aus der Schoul, et ass e gesellschaftleche Problem, dee vu Klengem un duerno mat an de Lycée geholl gëtt:
“Kanner, bei deenen aus verschiddenen Ursaachen d’Beweegung keen Deel méi vun hirem Alldag ass, an déi dann an enger Parallelwelt hannert e Bildschierm flüchten. Bildschiermzäit a Beweegungszäit misste sech nees méi ugläichen.”
Fir de President vun der Apep ass awer och kloer, wou den Hiewel vu vir era muss ugesat ginn:
“Mir brauchen Elteren, déi d’Lag richteg aschätzen a kënne Virbild sinn, a mir brauche Leit, déi qualitativ gutt ausgebilt sinn am Beräich Sport a Beweegung, souwuel an de Schoulen, wéi an de Strukturen.”
D’Associatioun vun de Sportsproffe vermësst an de rezent publizéierten Zukunftsvisioune vum Educatiounsministère eng kloer Ausso zum Thema Beweegung a Sport an der Schoul. Den Yves Picard a seng Ekipp soe sech awer méi ewéi jee bereet fir all konstruktiven Dialog. Den neien Educatiounsminister weess also elo schonn, wat an dësem Dossier op hien duerkënnt.