
Beim Optakt vum 27. Spilldag ass VfL Bochum géint Borussia Mönchengladbach ugetrueden. Nodeems sech béid Ekippen an der éischter Hallschent mat engem 0:0 vum Terrain getrennt haten, hunn d’Gäscht nom Téi zwee Mol getraff. An der 55. Minutt hat de Pléa fir d’éischt markéiert. D’Féierung ausgebaut huet den Embolo 6 Minutte méi spéit. An der 70. Minutt gouf den Arbitter-Assistent Christian Gittelmann vun engem Béierbecher um Hannerkapp getraff. D’Spill gouf doropshin ënnerbrach.