BundesligaArminia Bielefeld trennt sech vum Trainer Frank Kramer

RTL Lëtzebuerg
Am Kampf géint den Ofstig huet d'Arminia Bielefeld decidéiert, fir sech vum Trainer Frank Kramer ze trennen, dat mellen divers Medien.
© AFP

D’Ekipp aus Ostwestfalen huet dëst awer nach net offiziell confirméiert. Véier Spilldeeg virum Enn vun der Saison steet Bielefeld op der zweetleschter an domat enger Ofstigsplaz. Fir Bielefeld war et de Weekend de 7. Match hannerteneen ouni Victoire. An deem Zäitraum huet ee mam 49 Joer ale Kramer nëmmen een eenzege Punkt kritt. Deemno huet ee sech elo wuel fir en Trainerwiessel decidéiert. De Kramer war 13 Méint bei Bielefeld, nodeems hien am Mäerz 2021 de Poste vum Uew Neuhaus iwwerholl hat.

Aktuell läit d’Arminia zwee Punkten hannert der Relegatiounsplaz an dräi Punkten hannert enger Net-Ofstigsplaz. Wien de Veräin elo als neien Trainer virum Ofstig rette soll, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO