
Och an der däitscher Bundesliga gouf e Samschdeg gespillt, d’Resultater fannt Dir hei.
Aston Villa - Arsenal 0:1
0:1 Saka (30')
Arsenal ass weider a bestiechender Form an hëlt och aus dem Villa Park déi dräi Punkte mat. D’Spiller vum Mikel Arteta waren de ganze Match iwwer déi dominant Ekipp an hu virun allem an der Defensiv net vill ubrenne gelooss. De Gol vum Dag huet de jonke Bukayo Saka duerch ee Volley markéiert. Duerch dëse Succès festegt Arsenal déi 4. Tabelleplaz an huet elo véier Punkten Avance op Manchester United.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Napoli - Udinese 2:1
0:1 Deulofeu (22'), 1:1 Osimhen (52'), 2:1 Osimhen (63')
Duerch dës verdéngte Victoire bleiwen d’Neapolitaner uewen drun an hu wéinstens bis e Sonndeg nees 7 Punkte Virsprong op Juventus op der 4. Plaz. D’Liewensversécherung fir d’Ekipp vum Luciano Spalletti bleift weiderhin de nigerianesche Stiermer Victor Osimhen, deen och géint Udinese mat zwee Goler fir d’Victoire suerge konnt.
Inter Mailand - Fiorentina 1:1
0:1 Torreira (50'), 1:1 Dumfries (55')
D’Ekipp vum Simone Inzaghi léisst iwwerraschend doheem géint d’Fiorentina Punkte leien a verléiert domat e bëssen den Uschloss un d’Tabellespëtzt. Mat dräi Punkten an engem Match manner wéi Neapel op der 2. Plaz ass awer weiderhin alles méiglech fir d’"Nerazurri”.
Cagliari - AC Mailand 0:1
0:1 Bennacer (59')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lens - Clermont 3:1
0:1 Rashani (9'), 1:1 Danso (39'), 2:1 Sotoca (45+4'), 3:1 Haidara (58')
Nantes - Lille 0:1
0:1 Onana (41')
An der Lutte ëm déi international Plazen huet Lille e Samschdeg den Owend eng wichteg Victoire zu Nantes gefeiert. Den Onana huet an der 41. Minutt den decisiven 1:0 fir de franséische Champion geschoss. Lille war vun der 64. Minutt un nëmmen nach zu 10 um Terrain.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Elche - Valencia 0:1
0:1 Guedes (50')
Rayo Vallecano - Atlético Madrid 0:1
0:1 Koke (49')