
Atlético Madrid huet sech iwwerdeems a Spuenie géint Betis Sevilla duerchgesat.
Bochum - Union Berlin 2:1
1:0 Hofmann (43'), 2:0 Holtmann (71'), 2:1 Pantovic (90+3')
Eng déck Iwwerraschung gouf et um Sonndeg an der Bundesliga. Den Tabelleleschte Bochum huet sech beim Tabellenéischten Union Berlin mat 2:1 behaapt. D’Heemekipp huet aggressiv gepresst an huet Union viru grouss Problemer gestallt. Den Hofmann huet seng Faarwe virun der Paus mam 1:0 belount. An der Suite war Bochum weiderhi méi engagéiert an den Holtmann konnt op 2:0 erhéijen. D’Gäscht koume bis zum Schluss just nach op 1:2 duerch de Pantovic erun. Union bleift an der Tabell un der Spëtzt, wärend Bochum sech méi no un d’Relegatiounsplaz geschafft huet.
Hertha BSC - Schalke 04 2:1
1:0 Tousart (49'), 1:1 Mollet (85'), 2:1 Kanga (88')
Fir Schalke leeft et och no der Trainerentloossung net gutt. No enger 1. Hallschent ouni Goler huet den Tousart d’Hertha a Féierung bruecht. Schalke huet sech gewiert a koum 5 Minutte viru Schluss op 1:1 erun. D’Freed huet awer net laang gedauert, well de Kanga huet den entscheedende Gol fir d’Heemekipp markéiert. No der Defaite läit Schalke op der leschter Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Southampton - Arsenal 1:1
0:1 Xhaka (11'), 1:1 Armstrong (65')
Zu Southampton huet Arsenal an der 1. Hallschent déi gutt Form vun de leschte Woche bestätegt. No 11. Minutten huet den Xhaka fir den 1:0 gesuergt. D’Gäscht hunn et an der Suite awer verpasst, fir e Gol bis zur Paus nozeleeën. An dat sollt bestrooft ginn. D’Heemekipp huet no der Paus gutt dogéint gehalen a konnt an der 65. Minutt duerch den Armstrong ausgläichen. Arsenal ass bis zum Schluss géint déi kompakt Ofwier näischt méi agefall a muss sech mam 1:1-Remis zefridde ginn. D’Gunners bleiwen an der Tabell op der 1. Plaz, hunn awer just nach 2 Punkten Avance op Manchester City.
Tottenham - Newcastle 1:2
0:1 Wilson (31'), 0:2 Almiron (40'), 1:2 Kane (54')
D’Iwwerraschungsekipp Newcastle huet sech och zu Tottenham duerchgesat. Bis zur Paus hunn d’Gäscht hir Chancen äiskal genotzt. No der Paus huet Tottenham zwar duerch de Kane markéiert, um Enn sollt et awer bei der Néierlag géint d’Magpies bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - Lazio Roum 0:2
0:1 Zaccagni (10'), 0:2 Felipe Anderson (54')
An der Serie A gouf et déi éischt Defaite fir Atalanta Bergamo. Lazio Roum war iwwer déi 90 Minutten déi besser Ekipp an huet sech verdéngt duerch 2 Goler zu Bergamo duerchgesat. An der Tabell sti béid Ekippe punktgläich op de Plazen 3 a 4.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Betis Sevilla - Atlético Madrid 1:2
0:1 Griezmann (54'), 0:2 Griezmann (71'), 1:2 Fekir (84')
De Mann vum Match war op der Säit vun de Gäscht den Antoine Griezmann. No enger schwaacher 1. Hallschent huet de Buteur mat sengen 2 Goler Atletico mat 2:0 a Féierung geschoss. De Fekir konnt fir Betis just nach den 1:2 markéieren. Atletico läit duerch des Victoire op Plaz 3 an der Tabell.