Internationale FuttballArsenal léisst zu Everton dräi Punkte leien

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich gewënnt Paräis géint Toulouse a baut d'Tabelleféierung aus. An der La Liga verléiert Atlético weider den Uschloss un de Spëtzenduo.
© AFP

An der Premier League an an der Ligue 1 stoungen d’Partië vum 22. Spilldag um Programm. An der Serie A gouf um Samschdeg den 21. Spilldag lancéiert. An der spuenescher La Liga waren d’Matcher vum 20. Spilldag.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Everton - Arsenal 1:0
1:0 Tarkowski (60')

Am éischte Match vum neien Everton-Coach gouf et direkt déi éischt dräi Punkten. Everton huet an der éischter Hallschent e gudde Match gewisen a mat Arsenal matgehalen. D’Gunners hate wuel zwou gutt Golchancen, déi awer net genotzt goufen. No 60 Minutte sinn d’Toffees sou gesinn net onverdéngt a Féierung gaangen. Bis zum Enn ass Arsenal virum Gol net vill agefall, soudass Everton déi éischt Victoire no zéng Matcher feiere konnt. Mat der zweeter Néierlag an der Saison vun Arsenal ka Manchester City um Sonndeg duerch eng Victoire géint Tottenham bis op zwee Punkten un den Tabelleleader erukommen.

Manchester United - Crystal Palace 2:1
1:0 Bruno Fernandes (7', Eelefmeter), 2:0 Rashford (62'), 2:1 Schlupp (76')

Manchester United hat an der éischter Hallschent alles am Grëff a louch verdéngt a Féierung, hat et awer verpasst, den zweete Gol nozeleeën. Dat sollt an der 62. Minutt dunn awer geschéien. Nodeems de Casemiro wéinst enger Tätlechkeet mat Rout vum Terrain gesat gouf a Crystal Palace den 1:2 markéiert hat, gouf et nach eng Kéier spannend am Old Trafford. ManU huet d’Resultat schlussendlech awer iwwer d’Zäit gerett. D’Red Devils sinn elo Drëtten an der Tabell.

Wolverhampton - Liverpool 3:0
1:0 Matip (5', Eegegol), 2:0 Dawson (12'), 3:0 Neves (71')

Liverpool hat en immens schlechte Start erwëscht a louch no 12 Minutte scho mat 0:2 hannen. Wolverhampton hätt virun der Paus souguer e puermol op 3:0 erhéije kënnen. An der zweeter Hallschent hunn d’Reds dominéiert, mee d’Wolves sollte genee an der Drangphas den drëtte Gol schéissen. Wolverhampton spréngt mat deem Resultat vun den Ofstigsplazen, Liverpool bleift Zéngten.

Newcastle - West Ham 1:1
1:0 Wilson (3'), 1:1 Paqueta (32')

Schonn no enger Minutt louch de Ball fir Newcastle am Filet, mee de Gol huet net gegollt. Zwou Minutte méi spéit sollten d’Magpies dunn awer a Féierung goen. West Ham konnt no enger hallwer Stonn ausgläichen. Newcastle hat an der zweeter Hallschent déi besser Chancen, konnt dës awer net notzen. Newcastle bleift Véierten, wärend West Ham weider déif ënnen an der Tabell steet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AS Roum - Empoli 2:0
1:0 Ibanez (2'), 2:0 Abraham (6')

De Match war schonn no den éischte Minutten zu Gonschte vun der AS Roum gelaf. Zweemol hat den Dybala de Gol virbereet. Duerno huet Roum de Match sécher geréiert, och wann Empoli déi eng oder aner Chance fir den 1:2 hat. An der zweeter Hallschent hu béid Ekippen net wierklech vill fir de Match gemaach, soudass d’Resultat net changéiert huet. D’AS Roum bleift an der Course ëm d’international Plaze a steet provisoresch op Plaz 3.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Toulouse 2:1
0:1 van den Boomen (20'), 1:1 Hakimi (38'), 2:1 Messi (58')

Duerch en direkte Fräistouss war Toulouse a Féierung gaangen, mee et huet net laang gedauert, bis de PSG den Ausgläich markéiere konnt. Nom Säitewiessel huet Paräis den Drock oprecht erhalen a konnt duerch de Messi a Féierung goen. Bis zum Schluss hate béid Ekippen nach e puer Chancen, déi awer näischt abruecht hunn. Mat dëser Victoire huet Paräis provisoresch aacht Punkte Virsprong op de Verfolger Marseille, déi nach um Sonndeg spillen.

Troyes - Lyon (19.00 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Getafe 1:1
1:0 Correa (60'), 1:1 Ünal (83', Eelefmeter)

Nodeems an der éischter Hallschent net vill geschitt war, koum den 1:0 fir Atlético op ganz bizar Aart a Weis zustanen. Den Arbitter huet de Gol eréischt no Récksprooch mam VAR ginn, do war de Buteur awer schonn ausgewiesselt an huet sech vu bausse kënne freeën. Kuerz viru Schluss krut Getafe en Eelefmeter zougesprach a konnt deen och verwandelen. Atlético kann no dësem Resultat géint den 19. an der Tabell net zefridde sinn a verléiert weider Punkten am Kampf ëm déi international Plazen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO