
De Rekordmeeschter aus Italien huet sech beim Tabelleleschte Monza mat 0:1 misse geschloe ginn.
An der Bundesliga huet sech Union Berlin duerchgesat a bleift un der Spëtzt vun der Tabell.
Union Berlin - Wolfsburg 2:0
1:0 Siebatcheu (55'), 2:0 Becker (77')
An der 1. Hallschent war et kee schéine Match tëschent dem iwwerraschende Leader an der Tabell a Wolfsburg. Béid Ofwierreien stounge stabil an hu net vill Geleeënheeten zougelooss. No der Paus ass d’Heemekipp duerch de Siebatcheu 1:0 vir komm. An der Suite huet sech Wolfsburg am Spill no vir weiderhi schwéier gedoen. An der 77. Minutt huet de Becker mat sengem Gol den Deckel op d’Partie drop gemaach.
Bochum - 1. FC Köln 1:1
1:0 Schmitz (9', Selbstgol), 1:1 Maina (88')
Bochum huet et nom Trainerwiessel verpasst, den éischte Match vun der Saison ze gewannen. No engem kuriéise Selbstgol louch ee bis zur 88. Minutt a Féierung. De Maina huet duerch säi Gol dem 1. FC Köln nach ee Punkt geséchert. Bochum läit mat engem Punkt weiderhin um Wupp vun der Tabell.
Hoffenheim - Freiburg 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Brentford - Arsenal 0:3
1:0 Saliba (17'), 2:0 Gabriel Jesus (28'), 3:0 Vieira (49')
Virun dëser Partie war Brentford doheem nach ouni Defaite. D’Gäscht hunn awer schnell gewisen, datt si hir éischt Plaz an der Tabell wéilten zréck gewannen. Bis zur 30. Minutt haten de Saliba an de Gabriel Jesus hir Faarwe mat 2:0 a Féierung geschoss. Och no der Paus hat d’Heemekipp näischt dogéint ze setzen an huet och direkt den 3. Gol duerch de Vieira kasséiert. Bis zum Schluss huet Arsenal näischt méi zougelooss a konnt sou eng souverän Victoire feieren.
Everton - West Ham 1:0
1:0 Maupay (53')
Everton huet den éischte Succès vun der Saison gefeiert. De Maupay huet den entscheedende Gol markéiert. Fir West Ham leeft et an der aktueller Saison weiderhi net gutt. D’Ekipp vum David Moyes bleift an den ënneschte Regioune vun der Tabell hänken.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Udine - Inter Mailand 3:1
0:1 Barella (5'), 1:1 Skriniar (22', Selbstgol), 2:1 Bijol (84'), 3:1 Arslan (90+3')
Zu Udine ass de Favorit däitlech besser an de Match komm an ass no 5 Minutten a Féierung gaangen. D’Heemekipp huet awer net opginn an huet no 22 Minutten ausgeglach. Inter huet an der Suite alles probéiert, Udine ass awer méi geféierlech virum Gol bliwwen. An engem ausgeglachene Match hat Udine an der Schlussphas méi e laangen Otem a konnt de Match duerch de Bijol an de Arslan nach komplett dréinen. Fir Udine war et domadder déi 5. Victoire hannerteneen.
Monza - Juventus 1:0
1:0 Gytkjaer (74')
Beim Tabelleleschten huet d’Juventus den éischte Match vun der Saison verluer. D’Gäscht si guer net gutt an de Match komm a konnte sech an der 1. Hallschent net eng kloer Golchance erausspillen. Monza hat souguer méi vum Match. Eng rout Kaart fir den Di Maria an der 40. Minutt huet et dem Favorit nach méi schwéier gemaach. Och an der 2. Hallschent ass bei der aler Damm net vill zesumme gelaf. An der 74. Minutt ass d’Heemekipp duerch de Gytkjaer a Féierung gaangen. An Iwwerzuel huet Monza d’Juve net méi an d’Spill komme gelooss an um Enn verdéngt déi 3 Punkten doheem behalen.
AS Roum - Atalanta Bergamo 0:1
0:1 Scalvini (35')
Roum huet doheem géint Bergamo verluer, obwuel ee bis zum Schluss grouss Chancen op e Gol hat. D’Gäscht hu vun engem Gol vum Scalvini profitéiert, fir déi 3 Punkte mat Heem ze huelen. An der 57. Minutt ass den Trainer vu Roum José Mourinho mat enger rouder Kaart vum Terrain geflunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Reims - Monaco 0:3
0:1 Golovin (47'), 0:2 Minamino (87'), 0:3 Ben Yedder (90')
A Frankräich huet de Match fir d’Heemekipp schlecht ugefaangen. De Locko krut an der 22. Minutt déi rout Kaart gewisen a sou huet Reims knapp 70 Minutte missen an Ënnerzuel spillen. Monaco konnt awer réischt no der Paus duerch de Golovin a Féierung goen. Reims huet awer weider gutt dogéint gehalen. Monaco konnt déi 2 weider Goler duerch de Minamino an de Ben Yedder réischt an der Schlussphas markéieren.
Olympique Marseille - Stade Rennes 1:1
0:1 Guendouzi (25', Selbstgol), 1:1 Guendouzi (52')
Rennes ass zu Marseille gutt an de Match komm an ass duerch e Selbstgol verdéngt a Féierung gaangen. Marseille huet dono awer dem Tempo erhéicht a sech och Golchancen erausgespillt. Den Ausgläich sollt no der Paus duerch de Guendouzi falen, deen an der 1. Hallschent nach de Ball an den eegene Filet gesat huet. Um Enn sollt e beim 1:1-Remis bleiwen. Marseille huet et domadder verpasst, de PSG an der Tabell nach méi ënner Drock ze setzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Villareal - Sevilla 1:1
0:1 Torres (8'), 1:1 Baena (51')
Sevilla hat no 5 Matcher just 4 Punkten um Konto, dowéinst wollt d’Ekipp vum Julen Lopetegui onbedéngt bei Villareal gewannen. Fir d’Gäscht ass et gutt lass gaangen an an der 8. Minutt huet den Torres den 1:0 geschoss. Bei de Gäscht huet an der Paus awer de Golkipp misse wéinst enger Blessur ausgewiesselt ginn. Kuerz nom Säitewiessel huet Villareal duerch de Baena ausgeglach. D’Heemekipp ass bis zum Schluss méi staark bliwwen, konnt awer kee weidere Gol markéieren. Fir Sevilla war dee Punkt nom schwaache Start an d’Saison ze wéineg.