Internationale Futtball Arsenal zitt géint Brighton & Hove Albion de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien bleift Espanyol Barcelona op der leschter Tabelleplaz.
© AFP

Nieft der Bundesliga gouf och an de weideren europäeschen Top-Divisioune gespillt.

Klickt hei, fir op déi komplett Resultater an Tabelle vum internationale Futtball ze kommen.

Premier League

Brighton & Hove Albion 2:1Arsenal
0:1 Pepe (68'), 1:1 Dunk (75'), 2:1 Maupay (95'+5)

Fit de Kont vum 30. Spilldag an der englescher Premier League war den FC Arsenal op Besuch bei Brighton & Hove Albion. Trotz der enttäuschender Saison vun Arsenal war eng Victoire géint den Tabelle-15. fest ageplangt, fir d’Chance op d’Europa League ze halen. Et hat allerdéngs bis zur 68. Minutt gedauert, éiert de Pepe d’Gäscht erléise konnt. D’Freed iwwert d’Féierung war allerdéngs net vu laanger Dauer, dëst well den Dunk 15 Minutte viru Schluss ausgläiche konnt. Um Enn sollt et fir d’Londoner nach méi déck kommen. An der Nospillzäit war et de Maupay, dee senge Faarwen dräi wichteg Punkte séchere konnt.

Serie A

La Liga

Espanyol Barcelona 1:3 Levante
0:1 Mayoral (14'), 1:1 Lopez (28'), 1:2 Bardhi (67'), 1:3 Pedrosa (87', Selbstgol)

An der spuenescher LaLiga hat den Tabelleleschte vun Espanyol am Kader vum 30. Spilldag Levante op Besuch. Fir d’Haushäre goung et ëm wichteg Punkten ëm de Maintien, ma et sollt awer net gutt fir si ugoen. No knapp enger véierel Stonn war et de Mayoral, deen d’Gäscht a Féierung brénge konnt. Den Tabelleleschte koum awer nach eng Kéier an de Match zréck, dëst well de Lopez no 28. Minutten de ball am Filet konnt ënnerbréngen.
Nom Säitewiessel konnt Levante dann awer d’Punkte mat heem huelen. An der 67. Minutt war et de Bardhi, dee markéiere konnt, éiert de Pedrosa mat engem onglécklechen Eegegol fir de Schlusspunkt gesuergt hat.

Back to Top
CIM LOGO