Conference LeagueAS Roum kritt et an der Finall mat Feyenoord ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Den AS Roum huet sech mat 1:0 géint Leicester behaapt a fir Feyenoord ass en 0:0 zu Marseille duergaangen.
© AFP

Nieft der Europa League sinn en Donneschdeg den Owend och an der neier UEFA Conference League béid Decisiounen an den Halleffinalle gefall.

Duerch eng 1:0-Victoire am Retourmatch huet sech den AS Roum am Duell géint Leicester duerchgesat. Nom 1:1 aus dem Allersmatch ass den Italiener ee Gol vum Abraham duergaangen, fir sech eng Plaz an der Finall ze sécheren. Do heescht de Géigner da Feyenoord. D’Ekipp vu Rotterdam huet en Donneschdeg 0:0 zu Marseille gespillt, huet duerch den 3:2 aus dem Allersmatch awer um Enn d’Iwwerhand.

D’Finall gëtt de 25. Mee an der albanescher Haaptstad Tirana gespillt.

Back to Top
CIM LOGO