
An der Europa League sinn en Donneschdeg den Owend béid Allersmatcher vun den 1/2-Finalle gespillt ginn. Fir AS Roum geet et no engem Gol vum Bove mat engem klenge Virdeel an de Retourmatch géint Leverkusen. Am anere Match konnt de Gatti fir Juventus nach an der siwenter Minutt vun der Nospillzäit ausgläichen an domat spéit op 1:1 géint Sevilla stellen.
AS Roum - Leverkusen 1:0
1:0 Bove (63')
An der éischter 1/2-Finall vum Owend huet sech den AS Roum mat 1:0 géint Leverkusen behaapt. D’Gäscht ware virun enger impressionanter Kuliss am Stadio Olimpico mat vill Energie an de Match gestart a sou ware si am Numm vum Andrich a Wirtz schonn no gutt fënnef Minutte zwee Mol geféierlech zum Ofschloss komm. An enger taktescher éischter Hallschent wollt duerno keng vu béiden Ekippen ze vill Risiko agoen. Och vu Roum war offensiv net all ze vill ze gesinn. Déi bescht Chance fir d’Lokalekipp gouf et no 19 Minutten duerch den Ibañez, ma en exzellente Reflex vum Hradecky huet Schlëmmeres verhënnert. No enger éischter Hallschent ouni Goler war d’Partie och nom Säitewiessel weider ausgeglach. No enger gudder Stonn war et dann de Bove, deen am Noschoss vun engem paréierte Ball d’Féierung markéiere konnt. D’Werkself huet zwar den Androck gemaach, wéi wa si selwer vun engem Gol net all ze wäit fort waren, ma dat néidegt Spillgléck huet en Donneschdeg den Owend einfach gefeelt. Um Enn ass et bei der knapper Victoire fir d’AS Roum bliwwen.
Juventus - FC Sevilla 1:1
0:1 En-Nesyri (26'), 1:1 Gatti (90+7')
An der anerer 1/2-Finall huet den FC Sevilla géint Juventus duerch e spéide Géigegol nach 1:1 gespillt. D’Gäscht aus Spuenien sinn zu Turin an den Ufanksminutte mat vill Confiance opgetrueden a konnte sech domat och no an no déi éischt Golchancen erausspillen. No knapps 20 Minutten ass awer och Juventus zu den éischten offensiven Occasioune komm, bei deenen de Bono am Gol huet missen dergéinthalen. Am direkte Géigenzuch war fir d’Bianconeri dann awer näischt ze maache wéi den En-Nesyri an der 26. Minutt no enger flaacher Flank op 1:0 stelle konnt. Mat enger verdéngter Féierung am Réck ass et dann an den zweeten Duerchgang gaangen. Do huet Sevilla elo mat enger gudder defensiver Aarbecht de Géigner vum Gol fort gehalen. Dat awer net konsequent bis zum Schluss. An der siwenter Minutt vun der Nospillzäit ass Juventus nämlech nach den Ausgläich gelongen, wéi de Gatti no engem Corner iwwert Ëmweeër de Ball mam Kapp an de Gol drécke konnt. Fir de Match zu Sevilla bleift mat deem 1:1-Remis also nach alles oppen.
Béid Retourmatcher ginn den nächsten Donneschdeg nees um 21.00 Auer gespillt.