No der Europameeschterschaft huet sech erausgestallt, dass 51 Sportler sech mam Coronavirus ugestach hunn. Wéi dat kann sinn, huet den Tom Hoffmann nogefrot.
Vun ëmmer méi Federatioune kënnt d’Nouvelle, dass sech Sportler op der Halen-EM a Polen mam Coronavirus infizéiert hunn. Fir Lëtzebuerg goung ënnert anerem d‘Vera Hoffmann un den Depart. Mëttelstreckeleeferin gouf virun hirem Retour zwar negativ op de Virus getest, geet awer no dëser Nouvelle nach emol fir op Nummer sécher ze goen.
Och wann e Hygienskonzept en place gesat gouf, fënnt d’FLA-Athletin, dass d’Organisatioun verschidde Saachen hätt kënnen anescht maachen.
„Et war net ëmmer méiglech, de Sécherheetsofstand anzehalen. Och wa jiddereen negativ getest gouf, ass et awer besser, dësen anzehalen. Navetten, déi vum Hotel an de Stadion gefuer sinn, ware relativ voll, d’Plaz, fir sech waarm ze maachen, war net immens grouss an och op den Tribüne war nëmmen e ganze klengen Eck fir d’Athleten op, obwuel Hal eidel war. Dat hätt e kënnen änneren.“
International Sportveranstaltunge sinn also trotz strengem Hygienskonzept net esou sécher wéi den IOC-President Thomas Bach dat duerstellt.
„Jiddereen ass virun dëser EM negativ getest ginn, souwisou fir Rees an dann sur place nach, denkt ee jo eigentlech, dass alles gutt ass, mä ech mengen, dass een do nach aner Saachen hätt kënne maachen, dass et nach e bësse besser gewiescht wier.“ sou d’Vera Hoffmann.
Dëst Resultat werft op alle Fall keen gutt Bild op d’Organisateuren aus Polen.
