D’Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle ginn tëscht dem 15. an dem 23. Februar gespillt, d’Retourmatcher sinn am Mäerz. Déi kënnt der natierlech wéi gewinnt op RTL ZWEE op der Tëlee kucken.
FC Salzburg - FC Bayern München
Sporting Clube de Portugal - Manchester City
Benfica Lissabon - Ajax Amsterdam
Chelsea London - Lille OSC
Atlético Madrid - Manchester United
FC Villarreal - Juventus Turin
Inter Mailand - FC Liverpool
Paris Saint Germain - Real Madrid
D’UEFA huet sech bei der Auslousung vun den Aachtelsfinallen an der Futtball Champions League ferm blaméiert, esou datt um 15 Auer nach eng Kéier nei muss gezu ginn. De stellvertriedende Generalsekretär vun der europäescher Futtball Unioun Giorgio Marchetti hat beim Tirage an der Mëttesstonn gesot, datt Villarreal géint all Ekipp aus dem Dëppen 1 kéint spillen. Du koum Manchester United eraus. De Problem war, datt déi zwou Ekippe schonn an der Gruppephas beieneen waren an an dëser Phase vun der Kompetitioun nach net géinteneen däerfen untrieden. Du gouf Manchester City als nächst fir Villarreal gezunn. Duerno ass dem Marchetti e weideren Feeler ënnerlaf, an d’Konfusioun war komplett. Nodeems an den zwou Stonne nom Tirage e richtege Shitstorm iwwert d‘UEFA eragebrach war, gouf decidéiert nei ze zeien.
Beim zweeten Tirage huet d’UEFA confirméiert, datt et e Feeler an enger externer Software gouf, déi soll uginn, géint wien déi Ekipp, déi als 1. gezu gouf, alles spille kann.
Atlético Madrid - FC Bayern München
Paris Saint Germain - Manchester United
Benfica Lissabon - Real Madrid
RB Salzburg - FC Liverpool
Sporting Clube de Portugal - Juventus Turin
Chelsea London - Lille OSC
Inter Mailand - Ajax Amsterdam
FC Villarreal - Manchester