Champions LeagueAtlético Madrid a Benfica stinn an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
De Gol vum Renan Lodi huet de Match zu Manchester entscheet an d'Ekipp vu Madrid domat an déi nächst Ronn geschéckt. Och Benfica ass weider.
© AFP

En Dënschdeg den Owend ass et an der Champions League mat zwee weidere Retourmatcher vun den Aachtelsfinalle weidergaangen. Duerch eng 1:0-Victoire géint Manchester United steet Atlético Madrid an der nächster Ronn an och Benfica huet sech mat engem 1:0 géint Ajax fir d’Véierelsfinall qualifizéiert.

Champions League/Reportage Jeff Kettenmeyer

Manchester United - Atlético Madrid 0:1
0:1 Renan Lodi (41')

Nom 1:1-Remis aus dem Allersmatch war am Old Trafford en Dënschdeg den Owend nach fir béid Ekippen alles méiglech. Mat den eegene Spectateuren am Réck huet United direkt an den éischte Minutten Drock gemaach an de Ball gréisstendeels duerch déi eege Reie lafe gelooss. Déi éischt gutt Chance vun der Partie haten d’Red Devils dann an der 13. Minutt, wéi den Elanga no enger schaarfer Flank de Kapp vum Oblak getraff huet. Ma och op der anerer Säit hat de Gaascht kuerz drop eng gutt Golchance duerch e staarken Distanzschoss vum De Paul.

D’Lokalekipp hat méi vum Match, huet de Wee an de Gol awer net fonnt. Dat ass no gutt 30 Minutten dann Atlético gelongen, ma duerch eng Abseitspositioun huet de Gol vum Joao Felix net gezielt. D’Gäscht hunn awer net nogelooss a sou louch de Ball kuerz virun der Paus eng weider Kéier am Netz, dës Kéier regulär. No enger héijer Flank stoung de Renan Lodi um zweete Potto op der richteger Plaz, fir de Ball mam Kapp an de Gol ze drécken an Atlético sou mat enger Féierung an d’Paus ze schécken.

Den 1:0 fir Atlético duerch de Renan Lodi
An der 41. Minutt ass Atlético duerch e Gol vum Renan Lodi a Féierung gaangen.

Nom Säitewiessel hunn déi éischt offensiv Beméiunge vu Manchester net laang op sech waarde gelooss. Duerch eng disziplinéiert Defense vun Atlético ass et awer weider bei der knapper Féierung bliwwen. Lues a lues ass d’Zäit fir d’Ekipp an de rouden Trikoten ëmmer manner ginn, wat natierlech an d’Kaarte vun de Gäscht gespillt huet. Och d’Wiessel vum Trainer Ralf Rangnick konnten um Spillverlaf näischt méi änneren a sou setzt sech Atlético Madrid um Enn mat engem knappen 1:0 duerch.

De Resumé vum Match Manchester United géint Atlético Madrid
Duerch eng 1:0-Victoire am Retourmatch huet sech Atlético fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert.

Ajax - Benfica 0:1
0:1 Darwin (77')

Och am zweete Match vum Owend war nom 2:2-Remis aus dem Allersmatch nach alles oppen. Zu Amsterdam haten d’Haushären an den éischte 45 Minutte kloer Virdeeler, virum Gol huet et Ajax awer un der néideger Konsequenz gefeelt fir d’Féierung ze markéieren. Vu Benfica war an der éischter Hallschent sou gutt wéi näischt ze gesinn

Och nodeems d’Säite gewiesselt goufen huet Ajax weider de Match gemaach a sech nieft dem ville Ballbesëtz och déi meescht Chancen erausgespillt. De Gol ass ronn 10 Minutte viru Schluss dann awer fir déi aner Ekipp gefall. No engem Fräistouss war et den Darwin dee per Kappball op 1:0 fir d’Gäscht stelle konnt a Benfica domat um Enn den Ticket fir d’Véierelsfinall geséchert huet.

De Resumé vum Match Ajax géint Benfica
En 1:0 ass Benfica zu Amsterdam duergaange fir sech eng Plaz an de Véierelsfinallen ze sécheren.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO