Internationale FuttballAugsburg klappt Bielefeld am Kellerduell, Inter klëmmt op 1

RTL Lëtzebuerg
De Caligiuri huet dem FCA déi dräi wichteg Punkten am Ofstigskampf geséchert.
Lautaro Martinez freet sech iwwer Hattrick
Lautaro Martinez freet sech iwwer Hattrick
© AFP

E Freideg den Owend huet den FC Augsburg sech wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig an der Bundesliga geséchert. De Caligiuri huet mat sengem Gol (50') den héichintensive Match zu Bielefeld decidéiert, duerch den 1:0 huet den FCA Bielefeld an der Tabell iwwerholl.

D’Ekipp vum Trainer Markus Weinzierl steet nom Optakt vum 25. Spilldag mat engem Punkt viru Bielefeld op der 14. Tabelleplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der Ligue 1 hat Olympique Lyon keng Problemer beim 4:1 zu Lorient. An der Paus louchen d’Gäscht mat 2:0 a Féierung. Nom Téi konnt Lorient verkierzen, ma d’Victoire huet sech Lyon net huele gelooss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1An der Serie A an Italien huet Inter Mailand Salernitana mat 5:0 iwwerrannt. De Martinez (22', 40', 56') huet gläich dräimol fir Inter getraff. Déi zwee aner Goler huet den Dzeko (64', 69') geschoss.

Duerch dës Victoire huet Inter Mailand an der provisorescher Tabell d’Féierung iwwerholl.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie AAn der spuenescher La Liga huet sech dann nach den FC Sevilla géint Deportivo Alavés misse mat engem 0:0 zefridde ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO