
Augsburg - Wolfsburg 3:0
1:0 Iago (1'), 2:0 Niederlechner (63'), 3:0 Pedersen (69')
Mat engem Blëtzstart war de Match an der WWK-Arena lancéiert ginn. Augsburg huet de Match schlussendlech souverän mat 3:0 gewonnen, och well Wolfsburg offensiv iwwer wäit Strecken enttäuscht huet an den FCA eng gutt Defensiv presentéiert huet. Wolfsburg hat zwar och e puer Chancen, mee keng kloer. An der zweeter Hallschent huet Augsburg duerch zwee séier Goler de Sak zougemaach.
Mönchengladbach - Mainz 1:1
1:0 Embolo (33'), 1:1 Onisiwo (73')
Gladbach hat de Match extreem staark ugefaangen a konnt duerch de Gol vum Embolo a Féierung goen. No der Paus huet Mainz méi Drock gemaach an huet sech mam 1:1 belount. De Gladbacher Kipper huet mat flotte Parade seng Ekipp am Match gehalen an d’Gläichspill gerett.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham - Newcastle 5:1
0:1 Schar (39'), 1:1 Davies (43'), 2:1 Doherty (48'), 3:1 Son (54'), 4:1 Emerson (63'), 5:1 Bergwijn (83')
Mat der klorer Victoire géint den neiräiche Veräin aus Newcastle bleift Tottenham Aspirant op eng Champions-League-Plaz an der nächster Saison. Obwuel d’Spurs mat 0:1 hannelouchen, hu si de Match an der zweeter Hallschent zu hire Gonschte gedréint an Newcastle aus der White Hart Lane geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - SSC Neapel 1:3
0:1 Insigne (14'), 0:2 Politano (37'), 1:2 de Roon (58'), 1:3 Elmas (81')
Neapel bleift no der 3:1-Victoire um Tabelleleader AC Mailand drun an huet déi selwecht Punktzuel. An der éischter Hallschent huet Neapel de Match kloer dominéiert, no der Paus koum Bergamo nees an de Match a konnt den 1:2 markéieren, mee den Elmas huet um Schluss alles kloer gemaach.
Sampdoria Genua - AS Roum 0:1
0:1 Mhkitaryan (27')
Juventus Turin - Inter Mailand (20.45 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Stroossbuerg - Lens 1:0
1:0 Ajorque (67')
Mat dëser Victoire bleift Stroossbuerg an der Pole Position fir déi europäesch Competitiounen. An der éischter Hallschent war de Match net ganz spannend. Eréischt an den zweete 45 Minutten ass méi geschitt. Stroossbuerg krut en Eelefmeter zougesprach, deen den Ajorque verwandelt huet. De Racing krut nach en zweeten Eelefmeter, deen den Ajorque awer verschoss huet.
Metz - Monaco 1:2
0:1 Ben Yedder (46'), 1:1 Amadou (62'), 1:2 Boadu (72')
Metz bleift bei just enger Victoire am Stade St. Symphorien fir dës Saison. Les Grenats wollten nees eng Victoire feieren a si mat vill Elan an de Match gaangen, mee direkt nom Säitewiessel ass Monaco a Féierung gaangen. Metz konnt wuel ausgläichen, mee de Boadu huet nees fir en Avantage fir d’Monegasse gesuergt. En detailléierte Resumé fannt dir bei de Kolleege vu 5minutes.lu.
St. Etienne - Marseille 2:4
1:0 Bouanga (9'), 1:1 Payet (45'+1, Eelefmeter), 1:2 Kolodziejczak (60'), 1:3 Dieng (68'), 1:4 Harit (73'), 2:4 Douath (86')
Obwuel St. Etienne den éischte Gol vum Match markéiere konnt, huet sech Marseille um Schluss mat 4:2 duerchgesat a bleift Tabellenzweeten an der Ligue 1. An der zweeter Hallschent huet Marseille d’Kontroll vum Match iwwerholl an de Match nach zu senge Gonschte gedréint.