Futtball-WM vun den DammenAustralien trëfft an der Halleffinall op England

RTL Lëtzebuerg
Op der Futtball-WM vun den Damme goufen um Samschdeg déi lescht zwou Véierelsfinalle gespillt.
© FRANCK FIFE AFP

Am éischte Match vum Dag, bei deem sech Frankräich an Australien géigeniwwer stoungen, koum et iwwer déi éischt 90 Minutten op kenger Säit zu engem Gol, sou dass et 0:0 an d’Verlängerung gaangen ass. Och an der Verlängerung ass et kenger Ekipp gelongen, deen sou wichtegen Treffer ze markéieren, sou dass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass.

Direkt den éischten Schoss op de Gol vun de Fransousen, konnt d’Keeperin vun den Australier Mackenzie Arnold halen. Deen zweete Schoss op de Gol, dat säitens den Australierinnen, ass dunn eragaangen. Dono huet awer och déi franséische Keeperin nees e Schoss gehalen, sou dass et nees ausgeglach war. Ëmmer nees hunn d’Solène Durand fir d’Fransousen an d’Mackenzie Arnold fir Australien noeneen Schëss op de Gol gehalen, respektiv et goufen och mol Eelefmeter verschoss. Zum Schluss behalen awer d’Australierinnen d’Nerven a stinn, fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum australesche Futtball an enger Halleffinall vun enger WM.

An der leschter Véierelsfinall tëscht England a Kolumbien kruten d’Spectateuren an der éischter Hallschent op béide Säite laang wéineg geféierlech Aktioune gebueden. Kuerz virun der Paus konnt d’Santos dunn allerdéngs d’Earps am englesche Gol iwwerraschen a sou d’Féierung fir d’Kolumbianerinne markéieren. Ma no engem Feeler vun der kolumbianescher Golkipperin Perez konnt England nach an der Nospillzäit vum éischten Duerchgang duerch d’Hemp ausgläichen.

Den Europameeschter ass besser aus der Paus komm an huet de Match dunn dominéiert. An der 63. Minutt huet d’Russo ee Lach an der südamerikanescher Defense fonnt a konnt den 2:1 markéieren, woumat d’Partie gedréint war. Kolumbien huet bis zum Schluss alles probéiert, ma d’Englännerinnen hu weider dogéint gehalen a konnten d’Féierung schliisslech iwwer d’Zäit retten a sech domat fir d’Halleffinall qualifizéieren.

Déi éischt Halleffinall ass dann en Dënschdeg de Moien um 10 Auer, tëscht Spuenien a Schweden.

E Mëttwoch um 12 Auer gëtt dann déi zweet Halleffinall gespillt, an där Australien op England treffe wäert.

Back to Top
CIM LOGO