IndoorchampionnatBal déi ganz Lëtzebuerger Liichtathletik-Elite am Asaz

RTL Lëtzebuerg
De Weekend kéinte verschidden national Rekorder an der Liichtathletik gebrach ginn.
Indoorchampionnat: Bal déi ganz Lëtzebuerger Liichtathletik-Elite am Asaz
De Weekend kéinte verschidden national Rekorder an der Liichtathletik gebrach ginn.

De Charel Grethen trainéiert erëm heiheem. No Stagen a Südafrika, enger Tournée an de Vereenegte Staaten an e Meeting zu Lievin kënnt de Mëttelstreckespezialist mat véier nationale Rekorden an der Wallis zréck op Lëtzebuerg. E Sonndeg huet hie säin éischten Optrëtt heiheem fir dës Indoorsaison, dat um nationale Championnat, hei stinn 3.000 Meter um Programm.

D’Charline Mathias huet e Sonndeg eng wëlles an der Coque. En neien nationale Rekord iwwer 800 Meter hänkt an der Luucht. D’Athletin vum CSL huet eng extra Pacemakerin aus Polen komme gelooss, fir de Rhythmus wärend 600 Meter un der Spëtzt ze bestëmmen. Scho wärend dem internationale Meeting viru Wochen hat d’Charline Mathias en neien nationale Rekord opgestallt. Dëst Kéier huet och d’Vera Hoffmann sech ugemellt.

D’Patrizia van der Weken hat sech um internationale Meeting an der Coque mat engem neie Rekord an d’europäesch Spëtzt katapultéiert an huet de leschte Weekend mat enger Victoire um Internationale Meeting zu Paräis confirméiert. E Sonndeg stinn nieft de 60 och d'200 Meter um Programm. E Rekord op dëser Distanz wier net verwonnerlech.

Vum Bommstousser Bob Bertemes ass ee gewinnt, dass hie seng bescht Resultater heiheem realiséiert. Firwat net e Sonneg eng Verbesserung vum nationale Rekord, dee véier Wochen al ass?

De Francois Grailet hat Problemer, fir an d’Saison ze starten, bedéngt duerch eng liicht Blessur an Erkältung. E Sonndeg kéint et awer klappen.

Mat Ausnam vum Viktoria Rausch ass déi ganz Elite an der Coque am Asaz. Dat kéint interessant ginn.

Back to Top
CIM LOGO