Europa LeagueBarcelona a Frankfurt weider, Bergamo eliminéiert Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Barca huet sech géint Galatasaray Istanbul duerchgesat, Frankfurt no Verlängerung géint Bétis Sevilla.
© AFP

En Donneschdeg den Owend sinn d’Retourmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Europa League gespillt ginn.

Eng Ronn weider ass Sporting Braga. No der 2:0-Victoire am Allersmatch ass Braga den 1:1 am Réckspill géint Monaco duergaangen.

D’Véierelsfinalle verpasst huet iwwerdeems Leverkusen. Och am Retourmatch huet ee sech missen Atalanta Bergamo geschloe ginn. D’Partie ass mat engem 1:0 fir d’Italiener ausgaangen.

Nom 0:0 am Allersmatch huet de Favorit op den Titel Barcelona et en Donneschdeg den Owend géint Galatasaray Istanbul besser gemaach a sech mat 2:1 duerchgesat. Aubameyang a Co stinn domadder an der nächster Ronn.

Freeë kënne sech och d’Glasgow Rangers. Nom 3:0 virun enger Woch konnt ee sech eng 1:2-Néierlag géint Roter Stern Belgrad leeschten, fir et an déi nächst Ronn ze packen.

Olympique Lyon steet dann och an der Ronn vun deene beschten 8. Nom knappen 1:0 ass een 1:0 géint den FC Porto duergaangen.

Duerch den Ausschloss vu Spartak Moskau, bei deenen de Christopher Martins spillt, ass Leipzig och eng Ronn weider.

Frankfurt huet sech géint Bétis Sevilla an déi nächst Ronn geziddert. Nodeems ee Sekonne virum Enn vun der regulärer Spillzäit e Gol geschoss kritt huet, ass d’Decisioun an der Verlängerung gefall. Hei huet den Hinteregger an der Nospillzäit dunn zum decisiven 1:1 getraff.

No Verlängerung ass dann och West Ham United weider. Mat 2:0 huet ee sech géint den FC Sevilla duerchgesat.

D’Auslousung vun de Véierelsfinallen ass e Freideg an der Mëttegstonn.

D’Resultater vun der Europa League am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO