Champions LeagueBarcelona verdeedegt den Titel bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
An der Finall huet sech Barcelona mat 2:0 géint Lyon duerchgesat. Et war den 3. Titel fir d'Spuenierinnen an de leschte 4 Joer.
© Thomas Coex/AFP

An der éischter Hallschent war et eng animéiert Partie mat enger Rei Golchancen op béide Säiten. Lyon huet an der 14. Minutt just d’Lat getraff. An der 28. Minutt huet d’Bacha e geféierleche Ball vun der Linn gerett. Obwuel béid Ekippe mat vill Elan no vir gespillt hunn, sollt et mat engem 0:0 an d’Paus goen.

Lyon war dono besser aus de Kabinne komm, huet awer 2 Méiglechkeeten net genotzt. Op der anerer Säit konnt d’Bonmati no enger flotter Kombinatioun den 1:0 fir Barcelona markéieren. Et war awer weiderhin eng ausgeglache Partie op héijem Niveau. Lyon huet nom Réckstand no vir gespillt a probéiert de Match nees auszegläichen. D’Diani huet seng 2 Chancen awer net genotzt. An der Schlussphas huet Lyon alles no vir geheit. D’Hegerberg konnt an der 88. Minutt just knapp iwwer de Gol käppen. E Gol sollt de Franséisinnen net méi geléngen. Op der anerer Säit huet d’Putellas an der 95. Minutt op 2:0 erhéicht an de Match definitiv entscheet.

Back to Top
CIM LOGO