
RB Leipzig - Eintracht Frankfurt 0:0
An der Bundesliga war um Sonndeg d’Suite vum 27. Spilldag. Leipzig koum trotz grousser Iwwerleeënheet net iwwer e 0:0-Remis géint Frankfurt eraus. De beschte Mann op Säite vun der Eintracht war de Golkipp Kevin Trapp. An der éischter Hallschent hu Silva, Simakan a Laimer grouss Chancen net genotzt. Och no der Paus ass Leipzig geféierlech virun de Frankfurter Gol komm, de Ball sollt awer bis zum Schluss de Wee net an de Filet fannen. Leipzig huet et domadder verpasst, sech an der Lutte ëm d’Plaz 4 e gréissere Virsprong erauszespillen.
VFL Wolfsburg - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Paulinho (86'), 0:2 Paulinho (90'+2)
Zu Wolfsburg huet den agewiesselte Paulinho de Match fir Leverkusen an der Schlussphas entscheet. An der éischter Hallschent hu béid Ekippe monter no vir gespillt. Et war en equilibréierte Match wou béid Ekippen Golchancen ausgelooss hunn. No der Paus hat Wolfsburg déi besser Chancen, de Wind huet an der 56. Minutt awer just de Potto getraff. An der 81. Minutt gouf dunn de Paulinho op Leverkusener Säit agewiesselt. De Brasilianer huet mat sengen zwee Goler innerhalb vu 6 Minutten 2:0-Victoire kloer gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham - West Ham 3:1
1:0 Zouma (9', Selbstgol), 2:0 Son (24'), 2:1 Benrahma (35'), 3:1 Son (88')
Tottenham huet géint West Ham verdéngt mat 3:1 gewonnen. D’Heemekipp ass direkt gutt an de Match komm a war no 24 Minutte duerch e Selbstgol vum Zouma an e Gol vum Son séier mat 2:0 a Féierung. Virun der Paus huet de Benrahma d’Gäscht awer nach emol zréck an de Match bruecht. Tottenham huet no der Paus net labber gelooss an de Son huet kuerz viru Schluss den entscheedenden drëtte Gol markéiert. Den Harry Kane huet déi 3 Goler vu senger Ekipp virbereet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Lazio Roum 3:0
1:0 Abraham (1'), 2:0 Abraham (22'), 3:0 Pellegrini (40')
Am Stadio Olimpico huet d’AS Roum duerch eng gutt éischt Hallschent den Derby della Capitale géint Lazio gewonnen. Den Abraham huet den 1:0 fir seng Faarwen an der éischter Minutt no engem Corner markéiert. Den Abraham konnt ronn 20 Minutte méi spéit op 2:0 erhéijen. Lazio ass guer net an de Match komm an huet virun der Paus och nach den drëtte Gol kasséiert. D’Moral vun de Gäscht war gebrach a si konnten no der Paus näischt méi dogéint setzen. An der Tabell huet d’AS Roum hire Géigner iwwerholl a steet lo op der 5. Plaz an der Tabell.
Juventus - Salernitana 2:0
1:0 Dybala (5'), 2:0 Vlahovic (29')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
AS Monaco - PSG 3:0
1:0 Ben Yedder (25'), 2:0 Volland (68'), 3:0 Ben Yedder (84', Eelefmeter)
Eng zolidd Defaite gouf et fir de PSG zu Monaco. Vun Ufank u war et d’Heemekipp, déi d’Heft an D’Hand geholl huet. Nodeems de Jean Lucas nach eng kloer Golchance ausgelooss hat, huet de Ben Yedder et no 25 Minutte besser gemaach. No enger Flank huet de Stiermer de Ball mat enger Talonade an de Filet gesat. Ouni de Lionel Messi ass de Gäscht näischt agefall a si hu sech quasi keng Golchancen erausgespillt. Nom Säitewiessel huet den agewiesselte Volland de virentscheedende 2:0 markéiert. Mat sengem zweete Gol huet de Ben Yedder per Eelefmeter den Deckel op d’Partie drop gemaach. De PSG bleift souveränen Tabelleleader, huet an de leschte 6 Matcher awer 4 Defaiten agestach.
Rennes - Metz 6:1
1:0 Terrier (18', Eelefmeter), 2:0 Terrier (27'), 3:0 Guirassy (40'), 4:0 Guirassy (54'), 5:0 Traoré (59'), 6:0 Guirassy (64'), 6:1 Mafouta (87')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - FC Barcelona 0:4
0:1 Aubameyang (29'), 0:2 Araujo (38'), 0:3 Torres (47'), 0:4 Aubameyang (51')
Den FC Barcelona schéngt no éischter enttäuschende Joren esou lues zeréck an d’Spuer ze fannen. Zanter de Xavi den Trainerposten iwwerholl huet, geet et ferm biergop bei de Katalanen. E Sonndeg den Owend huet Barcelona am Clasico mat 4:0 géint de grousse Rival gewonnen. Am Estadio Bernabeu zu Madrid hunn Aubameyang zweemol a Ferran Torres an Araujo eemol markéiert.