
En Donneschdeg huet sech den FC Barcelona no enger mouvementéierter Partie géint de Betis Sevilla duerchgesat an ass nom Eelefmeterschéissen an d’Finall vum spuenesche Super Cup agezunn.
An der Ligue 1 a Frankräich gouf um Mëttwoch de kompletten 18. Spilldag ausgedroen, wärend an England zwou Partie vum Caraboa Cup um Programm stoungen, gouf et an Italien e Match an der Coppa Italia.
PSG - SCO Angers 2:0
1:0 Ekitike (5'), 2:0 Messi (72')
An dëser Partie hat den éischte vun der héchster franséischer Divisioun den aktuell leschten op Besuch. Alles anescht, wéi eng Victoire, wier fir de PSG eng kleng Blamage gewiescht a si hunn och ugefaangen, wéi wa se dës Partie kloer gewanne wéilten. Mat der éischter Chance am Match konnt de Ekitike eng gutt Virlag vum Mukiele notzen an den 1:0 no fënnef Minutte markéiert. Dono hate si och déi besser Chancen, ma entweder huet dem Paräisser Starensemble d’Prezisioun gefeelt oder ee Spiller vun Angers konnt a leschtem Moment retten. Déi éischt richteg grouss Chance hat Angers no 61 Minutten, ma de Sima huet knapp iwwert d’Lat geschoss. De frësch gebackene Weltmeeschter an de Reie vum PSG, de Lionel Messi, huet et dunn no 72 Minutte besser gemaach an op 2:0 fir Präis erhéicht. Den Arbitter huet de VAR awer ëm Hëllef gefrot, fir ze kucken, ob de Weltstar net am Abseits stoung, dëst war awer net de Fall. Eng weider Kéier war den VAR am Asaz, wéinst engem Abseits vum Neymar, deen dann och confirméiert gouf. Paräis hat nieft dëser Chance nach weider Méiglechkeeten, d’Féierung auszebauen, wat si awer leie gelooss hunn. An der 88. Minutt huet eng Zeen fir kuerz Diskussioune gesuergt, well e Spiller vun Angers am Strofraum getackelt gouf, den Arbitter awer net op Eelefmeter decidéiert hat.
Racing Strasbourg - RC Lens 2:2
0:1 Claude-Maurice (11'), 1:1 Prcic (13'), 2:1 Gameiro (16'), 2:2 Openda (33')
Wann an der enger Partie den Éischten op de Leschten trëfft, hat an der Nächster den Zweetleschten den Zweeten op Besuch. Och hei misst et kloer gewiescht sinn, datt Lens d’Punkte bei Stroossbuerg klaut, ma d’Ekipp, déi géint den Ofstig kämpft, huet alles eragehäit, fir op d’mannst ee Punkt doheem ze halen. No engem fréiere Réckstand huet Stroossbuerg no zwee Goler an dräi Minutten duerch de Prcic an der 13. an den Gameiro an der 16. Minutt de Match séier gedréint, ma den Opendal huet Lens no eppes méi wéi enger hallwer Stonn nees erubruecht. Op richteg grouss Chancen huet een dono awer méi laang misste waarden, eréischt no 69 Minutten hat Lens d’Chance, nees a Féierung ze goen a kuerz drop huet de Gameiro d’Féierung fir Stroossbuerg leie gelooss. Well och kuerz viru Schluss béid Ekippen hir Chancen net eramaache konnten, bleift et beim 1:1, mat deem Stroossbuerg wuel e bësse besser liewe kann, wéi Lens.
ES Troyes AC - Olympique de Marseille 0:2
0:1 Mbemba (9'), 0:2 Veretout (46')
Den Tabellentrëtten aus Marseille huet misste bei Troyes, déi am ënneschte Mëttelfeld stinn, reesen. Fir Marseille wieren dräi Punkte wichteg, fir uewen drun ze bleiwen. Schonn direkt no 9 Minutten huet de Guendouzi mat senger Flank de Mbemba gutt an Zeen gesat an domadder den 1:0 fir seng Faarwe virbereet. Den 2:0 dunn ass direkt nom Säitewiessel gefall. De Veretout hat no der Viraarbecht vum Ünder wéineg Problemer, de Ball iwwert d’Linn ze drécken. Tëscht béide Goler gouf et wéineg Zeene virun de Goler, déi fir vill Opreegung gesuergt hätten an och dono sollte keng Goler méi falen. Esou datt Marseille déi dräi Punkte mat Heem hëlt an e bësse méi no u Lens erukënnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Nottingham Forest - Wolverhampton Wanderers 2:1 (no Eelefmeterschéissen)
1:0 Boly (18'), 1:1 Jiménez (64')
An der Véierelsfinall vum ELF Cup, respektiv Caraboa Cup, hunn d’Wanderers aus Wolverhampton misste bei Nottingham Forest reesen. Hir Missioun, fir Weiderzekommen, gouf dann no 18 Minutten erschwéiert, wéi de Boly d’Heemekipp e bësse glécklech a Féierung bruecht huet, well de Ball no engem Zweekampf viru seng Féiss gefall ass an hien dës Chance äiskal ausgenotzt huet. Wolverhampton huet kuerz virun der Paus dunn zwou gutt Chancë leie gelooss an Nottingham Forest eng direkt nom Säitewiessel. Et war dunn an der 64. Minutt, wéi de Jiménez eng Virlag vum Cunha just nach huet missten an den eidele Gol drécken, fir den Ausgläich ze markéieren. Well an der regulärer Spillzäit kee weidere Gol gefall ass an et am EFL-Cup keng Verlängerung gëtt, huet d’Decisioun misste vum Punkt falen. Nodeem béid Ekippen hiren éischten Eelefmeter verschoss huet, konnt Nottingham Forest déi véier Dono markéieren. Dräi Mol um Stéck hat et och Wolverhampton gepackt, ma den Hodge huet deen decisive fënnefte Penalty net markéiert, esou datt d’Heemekipp sech iwwert e Weiderkomme freeën dierf.
FC Southampton - Manchester City 2:0
1:0 Mara (23'). 2:0 Djenepo (28')
Fir eng kleng Iwwerraschung huet Southampton doheem géint Manchester City gesuergt, well hinne 5 Minutten duergaange sinn, fir 2 Goler ze markéieren, dat duerch den Mara an der 23. an den Djenepo an der 28. Minutt. City huet doropshin den Drock erhéicht, ma d’Heemekipp stoung gutt an der Defense an huet just wéineg richteg grouss Chancen zougelooss. Am Géigendeel hate si no 77 Minutte schonn den 3:0 geféiert, ma de Adams stoung am Abseits. Manchester hat einfach kee Mëttel géint d’Verdeedegung vu Southampton a muss sech esou an dëser Partie géint den aktuell leschten an der Premier League geschloe ginn.
Betis Sevilla - FC Barcelona 2:4 (no Eelefmeterschéissen)
0:1 Lewandowski (40'), 1:1 Fekir (77')
Et war eng enk Partie en Donneschdeg den Owend tëscht Betis Sevilla an dem FC Barcelona. Och an der Verlängerung konnt kee Gewënner determinéiert ginn, esou datt de Match an d’Eelefmeterschéisse goung.
De Favorit huet mam Robert Lewandowski an der 40. Minutt e Gol geschoss an et ass mat engem 0:1 an d’Paus gaangen. De Betis Sevilla konnt awer an der 77. Minutt mat engem Gol vum Nabil Fekir ausgläichen. Et goung an eng hëtzeg Verlängerung, an där et op der Säit vu Betis Sevilla net manner wéi zwou giel Kaarten, a schliisslech och eng giel-rout Kaart wéinst Bee stelle géint de Mëttelfeldspiller Andrés Guardado gouf. Zwee Goler sinn an där Zäit och gefall. Den Ansu Fati huet an der 93. Minutt den 1:2 fir den FC Barcelona an d’Netz gesat. An der 101. Minutt konnt de Loren Moron vum Betis Sevilla dunn awer zum 2:2 ausgläichen.
D’Partie goung also weider an d’Eelefmeterschéissen. Déi éischt véier Schëss op de Gol hunn hiert Zil fonnt. Fir Betis Sevilla waren et de Willian Jose an de Moron, beim FC Barcelona hunn de Lewandowski an de Kessie jeeweils nees ausgeglach. Nodeems de Juanmi an de Carvalho fir de Betis Sevilla allerdéngs laanschtgeschoss hunn an de Fati an de Pedri fir den FC Barcelona markéiert hunn, war d’Bier dunn awer geschielt. Barcelona huet sech mat 2:4 géint de Betis Sevilla duerchgesat a steet domat an der Finall vum spuenesche Super Cup.
Real Madrid - FC Valencia 2:1 (no Eelefmeterschéissen)
1:0 Benzema (39',p), 1:1 Lino (46')
Real koum besser an der Match ouni datt Valencia sech awer verstoppt huet. Béid Ekippen hate schonn e puer gutt Chance leie gelooss, wéi den Arbitter an der 38. Minutt op de Punkt gewisen huet, well den Cömert vu Valencia e Géigespiller gefoult huet. Dës Chance huet de Benzema sech net huele gelooss an den 1:0 per Penalty markéiert. An de leschte Minutte vun der éischter Hallschent ass dunn näischt méi geschitt, esou datt mat deem Score an d’Paus goung. Ma den Téi war knapps gedronk, dunn hat de Lino den Ausgläich geschoss, datt no schéiner Viraarbecht vum Lato. Nom 1:1 gouf et laang wéineg offensiv Héichpunkten, déi bescht Chance hat nach de Vinicius Junior vu Real an der Nospillzäit, ma säi Chance war ze vill an d’Mëtt vum Gol an esou keng gréisser Erausfuerderung fir de Mamardashvili. Dee war och direkt am Ufank vun der Verlängerung gefuerdert, wou hien nees géint de Vinicius Junior hale konnt. Dono hunn de Kroos fir Real an de Perez fir Valencia béid eng grouss Chance leie gelooss, esou datt de Match vum Punkt entscheet huet misste ginn. Hei huet Real 4 vu 4 Bäll erageschoss, ma fir Valencia haten de Cömert an de Gaya net markéiert, esou datt d’Favoritte sech iwwert dëst Weiderkomme freeë konnten.
AC Mailand - FC Turin 0:1
0:1 Adopo (114')
Mailand huet als drëtte vun der Seria A als Favoritt den FC Turin empfaangen, aktuellen 10., fir an der Coppa Italia eng Ronn weider ze kommen. An der éischter Hallschent gouf et wéineg grouss Chance op béide Säiten, esou datt et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. An och nom Säitewiessel hu béid Ekippen et no Vir probéiert, gelongen ass hinnen awer näischt. No 70 Minutten huet et du besser fir d’Gäscht aus Mailand ausgesinn, well den Djidji vum FC Turin seng zweet giel Kaart krut, an d’Favoritte vun dëser Partie elo mat engem Mann méi um Terrain stoungen. Ma et sollt anescht goen, wéi ee geduecht huet. Turin huet sech an d’Verlängerung gerett mat engem 0:0, obwuel Mailand zum Schluss zwou gutt Chancen haten, an e bësse géint de Verlaf vun de leschte Minutte selwer an der 114. Minutt den 1:0 markéiert, datt duerch de Adopo, deen eng gutt Virlag vum Bayeye notze konnt. Den AC Mailand huet dono nach eng Kéier den Drock erhéicht, ma konnt einfach net zeréckkommen.