
An Éisträich gouf et fir Austria Wien um 18. Spilldag näischt ze huelen. Bei der 0:1-Néierlag géint Austria Lustenau war de Marvin Martins als zentralen Defenseur fir 90 Minutten am Asaz.
Och de Mica Pinto huet mat Sparta Rotterdam kee gudden Dag erwëscht. An der Partie géint Ajax gouf et zu Amsterdam eng kloer 0:4-Defaite, bei där de Lëtzebuerger Nationalspiller 72 Minutten am Asaz war.
Eng Victoire gouf et allerdéngs an Dänemark fir de Seid Korac, dee bei der 2:0-Victoire vum IF Degerfors géint den IFK Lulea de ganze Match gespillt huet.
Grond ze feieren hat de Leandro Barreiro direkt 2 Mol. Am Bundesligamatch géint Leverkusen huet hien den tëschenzäitlechen 2:1 fir Mainz geschoss. Um Enn war et eng 3:2 Victoire vu Mainz géint Leverkusen.
Um Samschdeg gouf et an der 3. Liga eng 3:1-Victoire fir Waldhof Mannheim géint Meppen. De Laurent Jans huet 90 Minutten duerchgespillt an de wichtegen 1:1-Ausgläich fir seng Ekipp virbereet.
De Mathias Olesen souz iwwerdeems an der 1. Bundesliga bei der 0:3-Defaite vu Köln zu Stuttgart 90 Minutten op der Bänk.
An der schwedescher Coupe, déi mat enger Gruppephas gespillt gëtt, gouf et um 1. Spilldag en 1:1-Remis tëschent AIK Stockholm a Västeras. De Vincent Thill stoung bei der Heemekipp vun Ufank un um Terrain, gouf awer an der 56. Minutt ausgewiesselt.
Eng 3:1-Victoire gouf et a Bulgarien fir den Enes Mahmutovic mat ZSKA Sofia géint Botev Plovdiv. De Lëtzebuerger huet de ganze Match gespillt a krut an der 64. Minutt déi giel Kaart gewisen.
Den Eric Veiga huet iwwerdeems a Portugal mat Vilafranquense an der leschter Sekonn mat 2:1 zu Feirense gewonnen. Den Ofwierspiller huet de ganze Match duerchgespillt. An der 2. Liga läit Vilafranquense op der 5. Plaz.
Beim 0:0-Remis vu Wigan géint Norwich an der 2. englescher Liga stoung den Danel Sinani net am Kader, well hie net géint dee Veräin däerf spillen, vun deem hien op Wigan ausgeléint gouf.
En 1:1-Remis gouf et tëscht Bastia a Guingamp an der Ligue 2 a Frankräich. De Florian Bohnert stoung fir d’Heemekipp déi 90 Minutten um Terrain.
Fir den Anthony Moris an d’Union Saint-Gilloise gouf et an enger animéierter Partie eng 2:4-Defaite doheem géint de Standard vu Léck. D’Gäscht waren 1:0 an 2:1 vir, d’Heemekipp konnt ëmmer nees ausgläichen. Den drëtte Gol fir de Standard war awer ze vill a Saint-Gilloise konnt net méi reagéieren. An der Nospillzäit ass och nach de 4. Gol gefall. De Lëtzebuerger Golkipp stoung de ganze Match tëscht de Pottoen. An der Tabell bleiwe Moris a Co. awer op der 2. Plaz.
De Gerson Rodrigues stoung am Match tëscht Al Wehda an Al-Raed vun Ufank un um Terrain. Al Wehda stoung virun dësem Match just op Plaz 13 an der Tabell. An der 35. Minutt ass Al-Raed duerch e Gol vum Tavares mat 1:0 a Féierung gaangen. Mat deem Resultat ass et och an d’Paus gaangen.
An der 53. Minutt konnt den Tavares op 2:0 fir Al-Raed erhéijen, éier den Anselmo an der 62. Minutt konnt den 2:1 markéiere fir Al Wehda. Nëmmen 10 Minutte méi spéit huet den Hejji, deen déi zweet Hallschent agewiesselt gi war, den 2:2 geschoss. Un deem Score sollt sech näischt méi änneren, wat kengem vu béide Veräiner wierklech weiderhëlleft.
An Ungarn koum et zum Duell tëscht Kisvarda FC an Ujpest vum Tim Hall, deen och an der Starteelef dobäi war. An der 21. Minutt gouf et kuerz Grond ze feieren, nodeems Ujpest duerch den Szabo den 1:0 geschoss huet... ma nodeems de VAR d’Situatioun nach emol gecheckt huet, gouf op Abseits entscheet. Deemno weiderhin 0:0.
An der 35. Minutt huet dunn awer de Kovacic fir Kisvarda den 1:0 geschoss. Den Ausgläich duerch de Simon, dee fir d’zweet Hallschent agewiesselt gouf, ass direkt an der 46. Minutt gefall. D’Freed war awer net fir laang, well schonn an der 53. Minutt ass d’Heemekipp nees a Féierung gaange mat 2:1, duerch e Gol vum Makowski. Dat war dann och d’Schlussresultat. Den FC Kisvarda ass elo op Plaz 2 an der Tabell, iwwerdeems Ujpest op Plaz 9 vun 12 steet.