Champions LeagueBayern a Real Madrid léisen den Ticket fir d'1/2-Finall

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Bayern ass eng knapp 1:0-Victoire géint Arsenal duergaangen a Real Madrid setzt sech am Eelefmeterschéisse géint Manchester City duerch.
© AFP

E Mëttwoch war an der Champions League d’Suite vun de Véierelsfinallen. En Dënschdeg den Owend konnte sech schonn Dortmund an de PSG hir Plaz ënnert de beschte véier Ekippen an Europa sécheren.

Zu München ass de Bayern e knappen 1:0-Succès géint Arsenal duergaangen, fir den Ticket vun den 1/2-Finallen ze léisen. De Joshua Kimmich huet den decisive Gol an der 64. Minutt geschoss.

Fir Real Madrid ass et dann e 5:4-Succès géint Manchester City nom Eelefmeterschéisse ginn. No 120 Minutte gouf et beim Stand vun 1:1 kee Gewënner. Um Enn huet den Antonio Rüdiger den decisiven Eelefmeter erageschoss.

Bayern - Arsenal 1:0

1:0 Kimmich (64')

Nom 2:2-Remis am Allersmatch hu sech béid Ekippen an den éischte Minutte vun der Partie ofgetaascht. Kee wollt vun Ufank un ze vill Risiko agoen a sou gouf et och keng richteg gutt Golchancen. Mat der Zäit huet sech dann ëmmer méi ofgezeechent, datt d’Bayern hei d’Kontroll um Terrain u sech zéie wollten. Ëmmer nees ass et zu offensive Virstéiss komm, déi d’Gunners awer ëmmer nees méi oder manner entschäerfe konnten.

Op der anerer Säit war et awer och net ganz roueg, wéi no enger hallwer Stonn als éischt de Martin Ödegaard mat engem geféierlechen Distanzschoss an och de Gabriel Martinelli no engem gudden Zesummespill de Manuel Neuer op d’Prouf gestallt hunn. D’Netz an deenen zwee Goler sollt sech bis zu der Paus awer net méi beweegen a sou hu sech béid Ekippe mat engem ausgeglachenen 0:0 op de Wee an d’Vestiaire gemaach.

Och nom Säitewiessel hu sech béid Ekippe weider op Aenhéicht begéint, dat grousst Spektakel huet awer weiderhin op sech waarde gelooss. Grad wéi déi Münchener Supporter awer ëmmer méi eng gewëssen Nervositéit gespuert hunn, war et de Joshua Kimmich, deen den éischte Gol vum Match markéiere konnt. No enger Flank vum Raphael Guerreiro huet hien de Ball mat vill Kraaft per Kapp an de Gol gesat.

Den 1:0 fir Bayern duerch de Kimmich
An der 64. Minutt ass Bayern den decisive Gol gelongen

Weiderhi war d’Lokalekipp e Stéck besser am Match. Arsenal war elo gefuerdert, un der néideger Konsequenz am leschten Drëttel huet et allerdéngs gefeelt. Um Enn bréngt Bayern déi knapp Féierung géint eng am grousse Ganzen offensiv schwaach Ekipp vun Arsenal iwwert d’Zäit.

Manchester City - Real Madrid 1:1 (4:5 n.E.)

0:1 Rodrygo (12'), 1:1 De Bruyne (76')

Real eliminéiert ManCity am Eelefmeterschéissen
An der Halleffinall kritt een et mat Bayern ze dinn.

Mat engem spektakulären 3:3 e leschten Dënschdeg hate sech béid Ekippe fir de Retourmatch zu Manchester nach alles oppe gelooss. No méi rouegen éischten zéng Minutten huet de Féierungsgol rëm net all ze laang op sech waarde gelooss. An der 12. Spillminutt huet d’Flank vum Vinicius Jr. de Rodrygo an der Mëtt fonnt, deen et am zweete Versuch laanscht den Ederson am Gol gepackt huet.

Nom Géigegol huet sech Manchester City fir eng direkt Äntwert engagéiert gewisen a koum och zu där eng oder anerer Aktioun virum géigneresche Gol. Déi bescht Occasioun hat no knapp 20 Minutten den Haaland, deen de Ball awer widdert d’Lat gekäppt huet.

An der zweeter Hallschent huet sech Real Madrid mat der Féierung am Réck immens déif gestallt an op Konterméiglechkeete gelauert. ManCity hat méi d’Kontroll iwwert de Ball an huet den 1:1 aktiv gesicht. Eng knapp véierel Stonn viru Schluss huet dann en ongléckleche Versuch vum Antonio Rüdiger de Ball ze klären den Ausgläich bruecht. De Kevin de Bruyne konnt vun deem Feeler profitéieren an d’Spannung fir d’Schlussphas nees komplett hierstellen.

D’Ekipp an den hellbloen Trikote war engem zweete Gol e Stéck méi no dru wéi dat bei de Gäscht de Fall war, konnt aus de verbleiwende Chancen awer kee Profit zéien. Well et mam aktuelle Spillstand nach kee Gewënner ginn ass, ass et an der Verlängerung weidergaangen.

Hei huet sech bis zu der 105. Minutt net all ze vill gedoen, wéi den Antonio Rüdiger geféierlech aus kuerzer Distanz de Ball knapps laanscht de Gol gesat huet. Och an der zweeter Hallschent vun der Verlängerung huet sech bemierkbar gemaach, datt d’Kraaft bei sou gutt wéi all de Spiller um Terrain net méi richteg duergaangen ass, fir nach Grousses an der Partie ze beweegen. No 120 Minutten ass et domat an d’Eelefmeterschéisse gaangen, wou den Antonio Rüdiger um Enn den decisiven Eelefmeter hannert d’Linn drécke konnt.

All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO