BundesligaBayern behaapt sech mat 3:2 géint Leipzig

RTL Lëtzebuerg
An de weidere Matcher konnt sech Mainz mam Leandro Barreiro géint Hoffenheim duerchsetzen an de Modeste ass fir Köln zum Match-Winner géint Freiburg ginn.
© AFP

E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga d’Suite vum 21. Spilldag, nodeems sech e Freideg Hertha a Bochum d’Punkte mat engem 1:1-Remis gedeelt haten.

Am Owesmatch huet den FC Bayern sech virun 10.000 Spectateuren an der Allianz Arena mat 3:2 géint Leipzig duerchgesat. D’Gäscht konnten de Féierungsgol vum Müller duerch de Silva konteren, eng Minutt virun der Paus war et dann de Lewandowski, deen d’Bayern mat engem Gol Virsprong an d’Paus geschéckt huet. Kuerz nom Säitewiessel ass RB dann eng weider Kéier den Ausgläich gelongen. E Selbstgol vum Gvardiol huet de Bayern awer nees d’Féierung an um Enn och d’Victoire bruecht.

Den 1. FSV Mainz 05 huet sech duerch e spéide Gol mat 2:0 géint Hoffenheim behaapt. De Leandro Barreiro war dobäi fir 67 Minutten am Asaz. No enger éischter Hallschent ouni Goler hu sech och nom Säitewiessel béid Ekippe schwéier gedoen de Ball hannert d’Linn ze bréngen. Duerch d’Goler vum Lee an Niakhaté hu sech d’Mainzer an der Schlussphas awer nach déi dräi Punkte geséchert.

Fir den SC Freiburg gouf et zu Köln dann eng 0:1-Defaite. Duerch e Gol vum Anthony Modeste ass d’Lokalekipp mat enger Féierung an d’Paus gaangen, déi sech och am zweeten Duerchgang gehalen huet. Freiburg ass et tëschenzäitlech zwar gelongen auszegläichen, ma de Gol gouf op Grond vun enger Abseits-Positioun vum Videoarbitter oferkannt.

Zu Stuttgart huet sech no engem opreegende Match d’Ekipp vu Frankfurt mat 3:2 duerchgesat. D’Stuttgarter konnten de fréie Géigegol vum Ndicka nach virun der Paus am Numm vum Anton ausgläichen, ma de Hrustic huet d’Partie mat sengen zwee Goler an der zweeter Hallschent fir d’Eintracht entscheet.

Kee Gewënner gouf et e Samschdeg tëscht Bielefeld a Gladbach. No 90 Minutten hu si sech mat 1:1 getrennt. Op der Säit vu Bielefeld konnt de Serra den 1:0 markéieren, ma de Plea huet de Gladbacher mat sengem Gol nach ee Punkt geséchert.

Am fënnefte Match vum Mëtteg konnt sech Augsburg dann nach Doheem mat 2:0 géint Union Berlin duerchsetzen. De Gregoritsch hat vun engem individuelle Feeler profitéiert a sou no enger véierel Stonn op 1:0 gestallt. Ronn 30 Minutte viru Schluss war et dann den Hahn, dee mam zweete Gol vum Match déi dräi Punkte fir den FCA geséchert huet.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO