Bundesliga Bayern feiere Meeschterschaft, Greuther Fürth ofgestigen

RTL Lëtzebuerg
Zu Freiburg a Leipzig si spéit Goler gefall, Leverkusen setzt sech kloer zu Fürth duerch an Hoffenheim a Frankfurt deelen d'Punkten.
© AFP

Am Topmatch vum 32. Spilldag huet sech Bayern München mat 3:1 géint den Tabellenzweeten Borussia Dortmund duerchgesat. De Gnabry hat München a Féierung geschoss, éier de Lewandowski erhéicht hat, kuerz nodeems e Gol vum Gnabry wéinst Abseits duerch de VAR oferkannt gouf. No der Paus huet den Can kënne verkierzen an de Match war nees op, mee siwe Minutte viru Schluss huet de Musiala fir München alles kloer gemaach. D’Bayern feieren domat hiren 10. konsekutiven an insgesamt 32. Meeschtertitel.

Frankfurt an Hoffenheim trenne sech no engem spannende Match mat 2:2. De Frankfurter Verteideger N’Dicka konnt sech an der éischter Hallschent zweemol an d’Gollëscht aschreiwen, hien huet den 1:0 fir d’Gäscht an 20 Minutte méi spéit den 1:1 fir seng Faarwe markéiert. An der zweeter Hallschent hu béid Ekippen no vir gespillt, konnte sech awer net endgülteg duerchsetzen.

Köln war schonn no dräi Minutten duerch den Uth mat 1:0 a Féierung gaangen. Bielefeld konnt duerch en Eegegol vum Hubers no enger hallwer Stonn ausgläichen, éier den Anthony Modeste den 2:1 markéiert huet. Am zweeten Duerchgang hu béid Ekippen net esou vill gewisen a Köln konnt d’Victoire eréischt duerch e spéiden 3:1 kloer maachen.

Och am zweete Match tëscht Freiburg a Gladbach sinn, wéi am Allersmatch, sechs Goler gefall. Nom Kloermaache vun der éischter Coupefinall an der Veräinsgeschicht huet Freiburg an der éischter Hallschent géint Gladbach net vill ze bidde gehat a louch no 13 Minutte scho mat 0:2 hannen. Nom Säitewiessel hunn d’Breisgauer de Match an 30 Minutte gedréint kritt, Gladbach konnt awer an der Nospillzäit nach ausgläichen, sou dass Freiburg a Gladbach mat engem 3:3 ausenee ginn.

Leverkusen gewënnt 4:1 zu Fürth, woumat kloer ass, dass d’Fürther déi nächst Saison nees an der zweeter Bundesliga untrieden. Fürth war schonn no fënnef Minutten duerch de Willems a Féierung gaangen, mee Leverkusen konnt bannent 10 Minutten zweemol zouschloen an de Match zu senge Gonschten dréinen, sou dass et mat 1:2 aus Siicht vu Fürth an d’Paus goung. An den zweete 45 Minutten huet Leverkusen mat zwee weidere Goler alles kloergemaach.

Bei der Neioplo vun der Halleffinall an der Coupe vun e Mëttwoch huet Union Berlin dat bessert Enn fir sech gehat a gewënnt mat 2:1 zu Leipzig. Et war en zéien éischten Duerchgang, mee déi zweet Hallschent huet direkt mam 1:0 fir d’Heemekipp ugefaangen. D’Gäscht hu sech awer net opginn a konnten an de leschte fënnef Minutten nach zwee Goler markéieren an domat Revanche fir de Coupematch huelen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO