
Nodeems en Dënschdeg Bayer Leverkusen mat engem 3:0-Erfolleg souverän an d’Finall vun der däitscher Coupe agezunn ass, war et e Mëttwoch déi 2. Halleffinall. Den Titelverdeedeger aus München hat d’Eintracht vu Frankfurt op Besuch.
Déi éischt Hallschecht goung dann och un d’Bayern, dat nodeems de Perisic fir den 1:0 gesuergt huet. Am 2. Duerchgang hunn d’Gäscht en anert Gesiicht gewisen, hunn ausgeglach, ma e Gol vum Lewandowski sollt schlussendlech fir d’Victoire vun de Bayern suergen.
De 4. Juli spillen da Bayer Leverkusen an den däitsche Rekordchampion d’Finall zu Berlin.
1:0 Perisic (14'), 1:1 Da Costa (69'), 2:1 Lewandowski (74')
Déi éischt 10 Minutte vun der Partie gounge kloer un d’Bayern. Als éischt hat de Müller an der 6. Minutt op Corner mam Kapp eng gutt Golgeleeënheet. Zwou Minutten drop huet de Lewandowski eng honnertprozenteg Chance aus kuerzer Distanz leie gelooss - Gléck fir Frankfurt.
Münchener Féierung kuerz virun der Véierelsstonn
No zwou grousse Golgeleeënheete war et an der 14. Spillminutt de Perisic, dee vum Müller zerwéiert gouf a mam Kapp fir den 1:0 eragesat huet. Verdéngt, well bis dohin d’Ekipp vum Trainer Flick iwwerleeë war. D’Hessen hate géint staark Bayern an den éischte 45 Minutten net vill ze gutt. Ee weidere Gol ass dem FCB awer virun der Paus net gegléckt. Deemno war fir d’Eintracht am 2. Duerchgang nach alles méiglech.
Ganz anert Gesiicht vun de Gäscht no der Paus
Frankfurt ass couragéiert fir déi 2. Hallschecht aus de Kabinne komm. Esou hunn déi éischt Minutten och kloer den héich motivéierte Gäscht gehéiert. Si hunn zu deem Zäitpunkt gutt dogéint gehalen, séier kombinéiert an hannen näischt Seriöes méi ubrenne gelooss. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet d’Eintracht sech mam 1:1-Ausgläich fir hir Beméiunge belount: den agewiesselten Da Costa huet dem Neuer am FCB-Gol mat engem Schoss an de laangen Eck keng Chance gelooss.
Bayern schléit kuerz virun der Crunchtime zeréck
D’Lokalekipp huet an der 74. Minutt duerch e Gol vum Lewandoswki den 1-Gol-Virsprong nees hiergestallt. Den 2:1 fir München gouf nach op Abseits gepréift, ma gouf vun den Onparteieschen awer zu Recht als reguläre Gol gewäert. Zu deem Zäitpunkt war den Titelverdeedeger nach net duerch. Frankfurt huet gedréckt, et goung an d’Schlussphas.
Spannend lescht 10 Minutten
Et gouf hektesch. Frankfurt huet nach eng Kéier alles no vir gehäit, iwwerdeems Bayern d’Féierung wollt iwwer d’Zäit bréngen. All Beméiung vun de Gäscht ass um Schluss net duergoen. Den Hessen huet um Enn de leschte Punch gefeelt, fir d’Partie zu hire Gonschten ze entscheeden. Fir den FCB geet et op Berlin, do kënne si de 4. Juli géint Bayer Leverkusen hiren Titel verdeedegen.