Däitsche SupercupBayern klappt Dortmund mat 3:1

RTL Lëtzebuerg
Bayern München huet de BVB en Dënschdeg den Owend geklappt a sech den éischten Titel vun der Saison geséchert.
© Ina Fassbender / AFP

An Däitschland gouf en Dënschdeg den Owend deen éischten Titel vun der neier Saison verdeelt. Géintiwwer stounge sech am Signal-Iduna-Park zu Dortmund de Coupegewënner Borussia Dortmund an de Champion Bayern München.

Um Ufank war Dortmund déi kloer dominant Ekipp, ma no enger Véierelsstonn hunn d’Gäscht de Kommando iwwerholl gehat. Dortmund hat zwar e puer gutt Chancen an der éischter Hallschecht, ma ass awer ouni Gol an d’Paus gaangen. Bayern louch dogéint no 41 Minutte Spillzäit 1:0 a Féierung. De Lewandowski hat de Ball an de Filet geschoss.

Nom Téi huet Bayern direkt nach emol zougeschloen. Dës Kéier war et de Müller, deen an der 49. Minutt markéiert huet. Et huet bis zur 64. Minutt gedauert, bis de BVB mam Reus de Réckstand an der zweeter Hallschent verkierze konnt. E Feeler vun Dortmund huet Bayern 10 Minutte méi spéit allerdéngs an d’Kaarte gespillt. Nodeems den Tolisso dem Akanji säi Pass ofgeblockt huet, ass de Ball direkt virum Lewandowski senge Féiss gelant. De Stiermer huet dësen doropshin aus kuerzer Distanz an de Gol geschoss an de Virsprong an der 74. Minutt op 3:1 ausgebaut.

Mat dësem Schlussresultat hu sech béid Ekippen dunn och vum Terrain getrennt.

Back to Top
CIM LOGO